
Wéi zefridde sinn d’Leit mat den ëffentleche Servicer? Där Fro ass de Meenungsfuerschungsinstitut Ilres am Optrag vum Ministere fir den ëffentlechen Déngscht an engem Sondage nogaangen. Befrot goufen 1.018 Residenten aus verschiddenen Altersgruppen.
Déi Servicer, déi am meeschte kontaktéiert goufen, waren déi vun der Santé, virun allem wärend der Pandemie. Kontakt opgeholl hunn déi Befrote virun allem iwwer de MyGuichet.lu, iwwer Telefon an iwwer E-mail. De Minister vun der Fonction publique Marc Hansen:
“Ee vun deene gréisste Constaten ass, dass et eng ganz aner Gewiichtung gëtt. Den digitale Wee gëtt am meeschte vun de Leit genotzt, dat war 2015 nach net de Fall. An da sinn d’Leit och frou, wa se e puer vun de Kommunikatiounsweeër kënne benotzen, z.B. sech online renseignéieren iwwer de Guichet an awer och nach eng Kéier uruffen, déi sinn och meeschtens zefridden...”
D’Etüd hätt gewisen, datt d’Leit am grousse Ganzen zefridde mat de Servicer sinn an och Vertrauen dodran hunn. Sou sinn 88 Prozent vun de Befroten der Meenung, dass de Staat hir perséinlech Donnéeë gutt verwalt. 81 Prozent fannen, dass déi Leit, mat deene si am Kontakt stoungen, och kompetent waren.
Obwuel sech zënter dem leschte Sondage aus dem Joer 2015 vill gedoen hätt, wéilt ee sech nach a verschiddene Punkte verbesseren:
“Wann ee lo an den Detail kucke geet, dann ass ee vun de Punkten zum Beispill, wéini Guicheten op hunn. Do ass eng vun de Remarke vun de Leit, dass mer villäicht do kéinten d’Horairen upassen. Do musse mer elo kucken, wéi dann d’Horairë sinn an ob een dat net kann och op een aneren Dag leeën oder, ob ee se owes upasse soll.”
Iwwerdeems wéilt een de Leit nach méi séier eng Äntwert op hir Froe kënne ginn. Allgemeng wier et wichteg, Leit bei Verännerunge mat anzebezéien. Iwwer zesumme-vereinfachen.lu zum Beispill kéinten d’Leit Feedback ginn iwwer d’Einfachheet vun den Demarchen.