Géint Gürtelrous Leit vu méi wéi 65 Joer ginn encouragéiert, sech impfen ze loossen

RTL Lëtzebuerg
Persoune vu méi wéi 65 Joer kréien d'Impfung géint Gürtelrous ugebueden. De Vaccin wäert an den nächsten Deeg fir d'Dokteren disponibel sinn.

Leit, déi interesséiert sinn, sech géint Gürtelrous impfen ze loossen, sollen hiren Hausdokter kontaktéieren, heescht et vun der Santé.

Recommandéiert ass d’Impfung wéi gesot fir Leit iwwer 65 Joer, an Erwuessener mat enger Immunodefizienz. Leit tëscht 50 a 65 Joer kënne sech och impfe loossen, mussen awer selwer fir d’Käschten dofir opkommen. D’Gürtelrous ass en Hautausschlag mat Blosen, deen dacks wéi deet. Den Ausschlag ass dacks op engem Deel vum Kierper a kann e puer Wochen daueren.

Communiqué Gürtelrous

Back to Top
CIM LOGO