
Têtes de Liste sinn den aktuelle Schäffen Tom Ulveling, deen zanter bal 3 Joerzéngten am Gemengerot ass an d’jonk Assistante Sociale Emina Ceman. Net méi mat geet den zweeten CSV-Schäffe Robert Mangen.
D’Conseilleren Jerry Hartung a Guy Tempels sinn och nees op der CSV-Lëscht vertrueden. Ënnert den 19 Déifferdenger Kandidaten ass mam Philippe Spautz och de Fils vum aktuellen Deputéierte Marc Spautz.
Op der Lëscht kandidéieren 8 Fraen an 11 Männer, d’Altersmoyenne läit bei knapp 44 Joer.
Aktuell ass zu Déifferdeng eng gréng-schwaarz Koalitioun mat enger Majoritéit vun 11 Sëtz um Rudder.