LSAP - Esch-UelzechtLëscht fir d'Gemengewale 2023 steet fest

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Esch setzt ee bei der LSAP op de "Renouveau", wéi et am Schreiwes heescht, ouni awer op d'Experienz vu verschiddene Leit ze verzichten.

Spëtzekandidat ass de Sektiounspresident Steve Faltz.

Mat him ginn zum Beispill déi aktuell Conseilleren Stéphane Biwer, Ben Funck, Mike Hansen Joëlle Pizzaferri an Jean Tonnar an d’Course. Och op der Lëscht sinn d’Liz Braz an de Sacha Pulli.

Et kandidéieren 10 Fraen an 9 Männer. Den Altersduerchschnëtt läit bei 41 Joer.

D’Sozialiste vun Esch wëlle mat hirer Lëscht op de Renouveau an der Sektioun setzen awer och d’Wëssen an d’Experienz vu Militanten honoréieren, déi scho méi laang dobäi sinn, heescht et an engem Schreiwes.

2017 war d’Vera Spautz mat 4.315 Stëmmen Éischtgewielt bei der Escher LSAP, virum Taina Bofferding mat 3.333 Stëmmen. Et si just nach 6 Leit vun der LSAP-Lëscht vun 2017 och fir 2023 mat dobäi.

Hei déi komplett Lëscht

Steve FALTZ, 49
Enesa AGOVIC, 34
Aldin AVDIC, 29
Stephane BIWER, 40
Liz BRAZ, 26
Anna CORREIA, 39
Danielle DE LA GARDELLE, 59
Amelie (Nelly) FRATONI, 69
Ben FUNCK, 29
Mike HANSEN, 40
Emanuel KAMURA, 33
Georges SOLD, 30
Joëlle PIZZAFERRI, 37
Sacha PULLI, 32
Pierre RAUCHS, 59
Linda RIPPINGER, 37
Nathalie SCHWEICH, 46
Jean TONNAR, 67
Laura VALLI, 36

Lëscht vun der LSAP Esch, fir d'Gemengewalen 2023

Back to Top
CIM LOGO