
Een 29 Joer ale Rumän, deen zu Lëtzebuerg fir eng ganz Rei Abréch an de Joren tëscht 2017 an 2019 verantwortlech gewiescht soll sinn, gouf dobäi vun der Bundespolizei Trier un de Grand-Duché ausgeliwwert. Hie war virdrun iwwert een europäeschen Haftbefeel gesicht ginn. Déi lëtzebuergesch Autoritéiten hunn am Géigenzuch der Tréierer Police een 30 Joer alen Inder ausgeliwwert. Hie war a 14 Fäll gesicht ginn, ënnert anerem wéinst sougenannten “Eigentumsdelikten” a wéinst enger Arees ouni Erlabnis. Well de Mann eng Strof iwwer 890 Euro net bezuele konnt, muss hien elo 89 Deeg am Prisong zu Tréier verbréngen.