Zweetgewielten am Norden, domadder kënnt den CSV-Politiker Christophe Hansen zeréck op Lëtzebuerg an d’Chamber. Säi Mandat als EU-Deputéierte gëtt den 41 Joer ale Clierfer u seng Parteikolleegin Martine Kemp of. Déi bis d’Europawalen d’nächst Joer am Juni an d’Europa-Parlament anzitt.
Déi lescht 5 Joer gouf et munch Changement am Liewe vun där jonker Fra. Wéi d’Martine Kemp 2019 bei den Europawalen ugetrueden ass, huet si nach zu Darmstadt Verkéierswiese studéiert. 2021 huet déi gebierteg Diddelengerin ugefaange mat schaffen. Am Service Circulation vun der Stad Lëtzebuerg. Eng Aarbecht, déi déi 29 Joer al Politikerin elo kuerzfristeg op Äis leet. Fir e Mandat zu Stroossbuerg, respektiv Bréissel.
“Leider ass meng Aarbecht beim Service de la Circulation net compatibel mat menger Funktioun als Europadeputéiert. Dofir hunn ech schwéieren Häerzen do missen eng Decisioun treffen.”
D’Méiglechkeet, als Drëttgewielt op der CSV-Lëscht elo an d’Europa-Parlament nozeréckelen, gesäit d’Martine Kemp als grouss Chance. Och wann dee Wiessel net just am Beruff munches op d’Kopp dréine wäert. D’Stad Lëtzebuerg, an där si zanter kuerzem lieft, wäert si iergendwéi vermëssen.
“Elo ass et esou, datt een owes heemkënnt an do sëtzt awer däi Partner. Et kann een eng Kéier driwwer schwätze wéi den Dag war. Natierlech wäert sech dat elo änneren. Ma ech hunn immens vill Support vu Frënn, vu Famill, déi et engem am Fong méi einfach maachen, fir dee Schrëtt ze goen. An ech hunn och einfach Loscht drop. An dofir freeën ech mech am Fong och wéi dat da gëtt, tëschent Bréissel, Stroossbuerg a Lëtzebuerg ze pendelen.”
Grouss offiziell Vereedegung wäert et d’nächst Woch keng am Europaparlament ginn. En Dënschdeg war déi zukünfteg EU-Deputéiert zesumme mat hirem Virgänger zu Stroossbuerg. “Dat war schonn impressionant”, sou d’Nofollgerin vum Christophe Hansen, deen en Dënschdeg Stroossbuerg Äddi gesot huet.
“Mir geet et elo haaptsächlech och drëms, fir e Martine Kemp an d’Europaparlament ze bréngen. E Christophe Hansen huet eng super Aarbecht geleescht. E war ganz aktiv. Huet vill Dossieren no vir bruecht. An ech sinn d’Martine Kemp an ech probéieren elo, mat aneren Accenten ze kommen. An aneren Domainen an do am Fong Lëtzebuerg an Europa weider ze bréngen.”
Et wäert elo alles séier goen. A gutt 7 Méint sinn déi nächst Europawalen. Déi wäerten iwwert dee reng Lëtzebuerger Tellerrand eraus ganz wichteg ginn. Wou sech weise wäert, a wat fir eng Richtung Europa an Zukunft goe wäert. “Polen war schonn emol en éischte positive Facteur”, sou déi 29 Joer jonk Politikerin, déi kloer weess, wou si Accente setze wëll.
“Dat eent ass, datt ech natierlech d’Kommissioune vum Christophe Hansen wäert iwwerhuelen, fir einfach déi lescht 7 Méint d’Mandat an där Kontinuitéit weider ze féieren. Gläichzäiteg sinn ech awer natierlech Verkéiersingenieur. An hunn dann och am Transport an am Verkéier, do wou ech meng Accenten och wëll leeën. Och ouni direkt an de Kommissiounen dran ze sinn. Ma do ass natierlech och ëmmer d’Méiglechkeet, iwwer aner Deputéiert ze fueren. Ëmmer um Courant ze sinn, wat an deene Kommissioune leeft an dann zesumme mat aneren Deputéierten dann och Amendementer ze maachen.”
Och wann den Zuch fir op Bréissel nach net de Séiersten ass, sou wëll d’CSV-Politikerin sech mat der Bunn tëscht den 3 europäeschen Haaptstied deplacéieren. Déi Zäit eben notzen, fir sech an d’europäesch Dossieren eranzeschaffen.