Liewenskäschte praktesch net ze droenLëtzebuerg ass weltwäit mat de schlechtste Choix fir Expats

RTL Lëtzebuerg
Grond sinn déi extrem héich Liewenskäschten, déi et Auslänner, déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffe wëllen, schwéier maachen, iwwerhaapt Fouss ze faassen.

Lëtzebuerg kënnt domadder op déi 48. vun 52 Plazen, just Zypern, Hong Kong, Neiséiland a Kuwait schneiden nach méi schlecht wéi de Grand-Duché of. Zu deem Schluss kënnt d’Expat-Onlineplattform “Internations”.

71% vun de Befroten Expats hu wéineg iwwerraschend de Punkt vun de Liewenskäschten als negativ bewäert, dat si méi wéi 2 Mol souvill, wéi de globalen Duerchschnëtt, dee bei 35% läit. E Véierel vun de Leit, also 25%, ginn dem Grand-Duché hei souguer déi schlechtst méiglech Bewäertung, déi iwwerhaapt méiglech ass, den Duerchschnëtt läit hei global däitlech drënner, nämlech bei 8%.

Zu der selwechter Konklusioun kënnt iwwregens och eng Analys vun der EU-Kommissioun, déi virun allem weist, dass d’Liewens- a Logementskäschten d’Haaptsuerg vun de Leit sinn, déi am Grand-Duché wunnen.

Fir vill Expats wieren d’Liewenskäschten hei am Land net ze droen, ausser et wier ee bereet, mat e puer Leit zesummen ze wunnen, also an enger Wunngemeinschaft, oder ebe fir Leit, déi e 6-stellegt Gehalt kréichen.
Wann et nämlech ëm d’Gehalt geet, soen 31% vun de Befroten, dass et net géif duergoen, fir e komfortabelt Liewen ze hunn. Ma trotzdeem soen 61% vun den Expats, déi zu Lëtzebuerg liewen, dass se zefridde mat hirer finanzieller Situatioun sinn. Dëse Wäert läit souguer liicht iwwert dem internationalen Duerchschnëtt.

Iwwregens sinn déi 5 Länner, déi vun den Expats der Etüd no am beschte bewäert goufe Spuenien, Portugal, Taiwan, Indonesien, an op der Nummer 1, Mexiko.

Déi komplett Etüd gëtt et um offizielle Site vun internations.org.

Back to Top
CIM LOGO