Generatoren a medezinescht EkipementLëtzebuerg baut seng Hëllef nom Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien weider aus

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg verstäerkt seng Ënnerstëtzung fir déi vum Äerdbiewe sinistréiert Regiounen an der Tierkei a Syrien.
© Emmanuel Claude, pour la Chambre de commerce

Op Demande vun der tierkescher Regierung stellt den Ausseministère eng Dosen elektresch Generatoren, 2.000 Hygiène-Kitten an 8.000 Schlofsäck zur Verfügung. Dernieft stellt d’Santé an d’Spidolsfederatioun 236 Palette mat medezineschen Ekipementer wéi medezinesch Masken, Kompressen oder Sprëtzen. Déi lëtzebuergesch Entreprise “B Medical Systems” liwwert iwwerdeems 50 speziell medezinesch Transportboxe fir Medikamenter, respektiv Blutt-Transfusiounen.

D’Saache gi mat engem Charter-Fluch vun der Cargolux op d’Plaz bruecht. Den éischte Fliger start e Mëttwoch.

D’Zuel vun de Mënschen, déi beim Biewen ëm d’Liewe komm sinn, ass mëttlerweil op iwwer 47.000 geklommen. Bei enger riseger Spendegala goufen en Dënschdeg an der Tierkei, am Aserbaidjan an op Zypern méi wéi 5 Milliarden Euro gesammelt.

Back to Top
CIM LOGO