Äntwert op parlamentaresch FroLëtzebuerg bleift um Niveau 2 vun der Terror-Alerte

RTL Lëtzebuerg
D'Terror-Menace wär reell, mä abstrakt, äntwert de Xavier Bettel op eng dréngend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Mosar a Wilmes.

No de rezenten Attacken an Europa huet de Lëtzebuerger Koordinatiounsgrupp an der Lutte géint den Terrorismus de Risk nei evaluéiert. De selwechten Niveau (2 vu 4) gëtt bäibehalen.

Obwuel den allgemengen Alerte-Niveau net geännert huet, hätt d'Police de Schutz vu sensibele Plazen no de rezenten Attentater awer adaptéiert.

PDF: Äntwert vum Xavier Bettel op parlamentaresch Fro vum Serge Wilmes a Laurent Mosar

Back to Top
CIM LOGO