
Eng nach méi grouss Energiekris war jo gefaart ginn. Fir dëse Wanter si mer zu Lëtzebuerg wuel iwwer de Bierg. Déi Ausso mécht den Energieminister an engem Interview am Lëtzebuerger Wort.
Et kéint een aus dësem Wanter eraus kommen, mat Gas-Stocken déi gutt gefëllt sinn.
Et sief dann, déi nächst Méint géinge batter kal ginn, da kéint et nach emol knapp ginn, sou de Claude Turmes.
Dem grénge Politiker no wieren déi richteg politesch Decisioune geholl ginn. All deenen, déi mat gehollef hätten, datt 30% Gas hätt kënnen agespuert ginn, misst ee Merci soen.
D’Viraussetzungen en Vue vum nächste Wanter wier gutt.