Kritik vun der CSLLëtzebuerg ëmgeet diskriminatorescht Kannergeld-Gesetz duerch Gefuddels

Tim Morizet
D'Regierung denkt ekonomesch a verléiert de richtege Fokus: D'Kand, kritiséiert d'Chambre des salariés.

CSL iwwer Kannergeld-Gesetz / Rep. Tim Morizet

Rieds geet vum neie Projet de loi iwwert d'Allocations familiales vum 1. Juni un. Zur Erënnerung: Lëtzebuerg gouf vum Europäesche Geriichtshaff condamnéiert, well et en diskriminatorescht Kannergeld-Gesetz huet. Deemools hat e Frontalier och Kannergeld fir d'Kand vu sengem Conjoint gefuerdert a krut Recht. En neie Projet de loi probéiert dat mat Gefuddels z'ëmgoen, kritiséiert d'CSL.

An zwar ass et aktuell esou, datt ee Kannergeld zegutt huet fir d'Kand vum Conjoint. Dat awer nëmmen, wann een zu Lëtzebuerg ass. Frontalieren hunn déi Suen net zegutt. An deem Kontext huet den Europäesche Geriichtshaff de Lëtzebuerger System als diskriminatoresch deklaréiert. Et dierften hei keng Ënnerscheeder tëscht Residenten a Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, ginn. Doropshin huet Lëtzebuerg missen d'Kannergeld reforméieren. Mam Resultat weist d'Nora Back, Presidentin vun der Aarbechterkummer, sech awer net zefridden.

„A wat mécht eis Regierung? Déi geet hin a seet, dann huele mer dat Recht och de Residenten ewech. Dat heescht, et gëtt elo nëmmen nach Kannergeld fir biologesch an Adoptivkanner an net méi fir dem Partner seng Kanner, mat deem ech zesumme wunnen a wou ech och d'Kanner en charge hunn."

Esou géif déi DIREKT Diskriminatioun aus der Welt geschaaft ginn. Eng indirekt géif awer mat Gefuddels geschaaft ginn.

„Am Exposé des motifs vum Projet de loi soe se selwer, datt dat de Residenten näischt mécht. Well déi meescht Residenten näischt dorobber wäerte verléieren, well gréisstendeels ee vun de biologeschen Elterendeeler zu Lëtzebuerg wunnt a schafft."

Eng 350 Kanner wiere vun dëser neier Reegelung betraff. Nei Kloe virum europäesche Geriichtshaff wiere virprogramméiert, esou d'Chambre des salariés. Et géifen Iwwergangsbestëmmunge fir Residente gesicht ginn, mä dat géif zu neie Problemer féieren.

„E Beispill: 2 Studente kréien zu Lëtzebuerg e Kand. Well déi net affiliéiert sinn an net schaffen, kréichen déi an Zukunft kee Kannergeld méi. Da soe se elo: Déi, déi elo am Fall sinn, kréien dann awer nach Kannergeld, bis datt se schaffe ginn. Mä wa muer déi selwecht Situatioun opkënnt, kréien déi kee Kannergeld méi. Ëmmer wann ee seet: Et si Verléierer bei enger Saach, mä fir déi fanne mer Léisungen, da muss ee sech bewosst sinn, datt an Zukunft nei Verléierer wäerte bäikommen a fir déi ginn da keng Léisunge méi fonnt."

Et wier eng finanziell Iwwerleeung, fir kënne Suen anzespueren, esou d'Kritik vum Nora Back. Eng Katastroph zu Zäiten, wou d'Inegalitéiten ëmmer méi grouss ginn an et méi Prekaritéite gëtt.

Et wier och eng réckleefeg Indexéierung vum Kannergeld néideg, dat soll jo fir 2022 fir déi éischte Kéier zanter 2006 nees un d'Präisdeierecht ugepasst ginn. Et wier der Chambre des salariés no eng Kompensatioun vu 7,7% néideg, fir eleng de Verloscht vun de Familljen tëscht 2014 an 22 nees gutt ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO