De Quentin Cayet wunnt e puer Kilometer vu Lëtzebuerg ewech an ass erfuerene FPV (First Person View) Dron-Pilot. Hie schafft fir d’Publicitéit, den Tourismus, d’Immobilien- an d’Film-Branche. Et si spektakulär Zeenen, déi a ganz Lëtzebuerg gedréit goufen. Eist Land, wéi der et nach ni gesinn hutt.
Mir si mat him duerch ganz Lëtzebuerg getourt, fir iech mat op eng Rees ze huelen, vun den Terres Rouges, iwwert d’Musel, bis hin zu de schéinste Schlässer, déi ee bei eis fënnt.