
Dës gëtt domadder beoptraagt, e Lëtzebuerger Pavillon fir d’Weltexpo 2025 zu Osaka ze bauen, déi vum 13. Abrëll bis den 13. Oktober do ofgehale gëtt. De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet am Kontext vun der Signatur betount, datt dës d’Konstruktioun ofgeséchert ass, besonnesch en vue vun der komplexer Bausituatioun a Japan. Mat Naito House Co. Ltd hätt een eng vertrauenswierdeg Entreprise erausgesicht, déi de Pavillon plangméisseg realiséiere wäert, sou de Franz Fayot weider.
De Lëtzebuerger Pavillon wäert op der Expo 2025 ënnert dem Motto “Doki Doki - The Luxembourg Heartbeat” stoen. “Doki Doki” ass eng japanesch Expressioun fir den Häerzschlag. Entworf gouf de Pavillon vum Ingenieursbüro Steinmetzdemeyer, deen heifir mat den Zeenographe vun “Jangled Nerves” zesummegeschafft huet.