Dag vun der ResistenzLëtzebuerg gedenkt de Leit, déi a Kazetter oder Prisongen ëmkomm sinn

RTL Lëtzebuerg
Dëse Sonndeg ass den nationalen Dag vun der Resistenz.
© Luko

Lëtzebuerg erënnert un all d'Resistenzler, déi an de Kazetter oder Prisongen ëm d'Liewe komm sinn. Ganz besonnesch gëtt un déi 23 Membere vun der Resistenz geduecht, déi de 25. Februar 1944 am Hinzerter Bësch erschoss goufen an awer och un d'Streikaffer, déi 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.

© Luko

E Sonndeg de Moien ëm 11 Auer war an deem Kader eng Mass an der Glacis-Kapell, e Cortège an eng Zeremonie virum Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht. Dat a Präsenz ënnert anerem vum Justizminister Felix Braz, dem Chamberpresident Fernand Etgen an dem Stater Schäffe Serge Wilmes. Uschléissend war den traditionelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimmen.

Den Albert Hansen, President vum "Comité directeur du Souvenir de la résistance" huet an deem Kader un déi däischter Zäiten erënnert an un de Courage, deen d'Resistenzler un den Dag geluecht hunn.

Den Albert Hansen

Iwwert d'Resistenz géif hautdesdaags net vill oder guer näischt geschwat a geschriwwe ginn, huet den Albert Hansen bedauert. Dat géif engersäits um Manktem un Interessi leien, mee och um Manktem vun Dokumenter aus där Zäit. Dofir soll um Dag vun der Resistenz un dat erënnert ginn, wat d'Resistenzler geleescht hunn. Den Albert Hansen huet dann och virum Zitat "Remake aus den 30eger Jore" gewarnt. Do géif et net duergoen "genéiert nozekucken", mee Zivilcourage wier gefuerdert, esou de President vum CDSR.

Albert Hansen erënnert u Courage vu Resistenzler

FOTOGALERIE: Commemoratioun zu Lëtzebuerg vum Luko

Back to Top
CIM LOGO