De Verdeedegungsminister François Bausch huet e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz d’Resultater vun engem interministeriellen Aarbechtsgrupp zu autonomen déidleche Waffesystemer presentéiert. Dëse Grupp gouf viru gutt engem Joer an d’Liewe geruff, fir déi Lëtzebuerger Positioun zum Asaz vun deene Waffen an een Aktiounsplang mat Propositiounen zur Reglementatioun op internationalem an nationalem Niveau auszeschaffen.
An där Zäit, an där um Dossier geschafft gouf, hat een ënnert anerem en Echange mat 30 nationalen an internationalen Experten aus de Beräicher Militärtechnologie a kënschtlech Intelligenz. Fir d’éischt goung et mol drëm, eng Definitioun auszeschaffen, wéi de Ben Fetler aus dem Verdeedegungsministère erkläert.
“An déi ass eben, datt mir ënnert autonome Waffesystemer, Waffesystemer verstinn, déi kapabel sinn, hir Ziler ze identifizéieren, auszewielen an unzegräifen ouni mënschlech Interventioun. Unzemierken ass, datt mir an eiser Definitioun d’Charakteristik déidlech ewechgelooss hunn, well dat just d’Finalitéit vun esou engem Waffesystem definéiert awer net d’Funktionalitéit.”
Eng international unerkannten Definitioun gëtt et bis elo nach net. Sollt dat iergendwann de Fall sinn, géing een déi Lëtzebuerger entspriechend upassen.
De Minister François Bausch huet op der Pressekonferenz ënnerstrach, datt de Mënsch ëmmer d’Kontroll an d’Responsabilitéit behale sollt. Bei Waffe kéint den onkontrolléierten Asaz vu kënschtlecher Intelligenz nämlech eng grouss Gefor duerstellen. Esou Waffesystemer dierften op kee Fall a Krichsgebidder zum Asaz kommen. Ma dat wier haut awer deelweis schonn de Fall.
“D’Ukrain ass de Moment ee grousst Experimentéierfeld fir mat Dronen zum Beispill. Dronen, déi eben iwwer autonom Systemer zum Deel scho gesteiert ginn, mä mindestens, wou kënschtlech Intelligenz ganz staark am Asaz ass. Mir hunn iwwerhaapt mol keen Iwwerbléck den Ament, an der Ukrain, wat do alles probéiert a getest gëtt, de part et d’autre, ech menge sou gutt vu russescher Säit wéi vun der ukrainescher Säit. An ech mengen dorun eleng gesäit een, et duerf net sou wäit kommen, datt an engem akute Krichsgebitt einfach Tester gemaach ginn, mä dofir brauche mer einfach international Reegelen.”

Den Aarbechtsgrupp huet och aacht Recommandatiounen un d’Regierung ausgeschafft. Sou sollt sech de Grand-Duché beispillsweis an déi international Diskussioun abréngen an déi Lëtzebuerger Positioun promouvéieren. Et misst een och déi wichtegst Fuerschungszentren am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz identifizéieren a Projeten zu autonome Waffesystemer lancéieren. De Verdeedegungsminister François Bausch verdäiwelt déi Systemer dann och net pauschal.
“Am militäresche Beräich hu sou autonom Systemer och Virdeeler. Wann der ee Beispill huelt, Dronen, déi mer no vir schécken, fir Opklärung ze maachen, do setze mer net d’Liewe vun Zaldoten op d’Spill. Fir de Schutz vum Zaldot huet kënschtlech Intelligenz ganz kloer ee Virdeel an déi sollte mer och asetzen.”
Et géif kee Sënn maachen, d’Reglementéierung op spezifesch Technologien ze limitéieren, well d’Entwécklung an de Beräicher vun der Militär-Technologie an der kënschtlecher Intelligenz extrem séier virugoe géing. Dowéinst bräicht et eng generell Approche. Zu de weidere Recommandatioune vum Aarbechtsgrupp gehéiert ënner anerem, datt Lëtzebuerg op nationalem Plang eng Lignes directrices ausschafft an eng permanenten Ethikkommissioun en place setzt.