
Bei dëser Geleeënheet goufen déi nei Membere vum Exekutivkommitee vun der Organisatioun gewielt. Och Lëtzebuerg hat an deem Kontext seng Kandidatur agereecht. Dës war dann och erfollegräich an de Grand-Duché gouf mat 165 Stëmmen an den Exekutivcomité gewielt.
D’Prioritéite vun der Lëtzebuerger Aarbecht am Kommitee sollen ënnert anerem Educatioun, Kultur, Kommunikatioun a Wëssenschaft sinn.
Et ass fir d’zweet, dass Lëtzebuerg Member vum Unesco-Exekutivkommitee ass. Dat éischt Mandat goung vun 2005 bis 2009.