KoordinatiounscampenLëtzebuerg hëlleft Flüchtlingen am Sudan

RTL Lëtzebuerg
D’Situatioun an der ëmkämpfter Regioun Tigray am Norde vun Ethiopien gëtt ëmmer méi dramatesch...
Lëtzebuerg hëlleft am Sudan
Membere vum CGDIS an dem Kooperatiounsministère goufe mat Material an eng Regioun geschéckt, déi vill Flüchtlingen aus dem Nopeschland ophëlt.

Duerch de militäresche Virmarsch vun der ethiopescher Regierung géint d’Regioun Tigray, rechnen d’Vereenten Natiounen an Zukunft mat 200.000 ethiopesche Flüchtlingen am Sudan. Fir eben dëse Flüchtlingen am Sudan ze hëllefen, goufen 3 Lëtzebuerger vum CGDIS an dem Kooperatiounsministère mat Material dohinner geschéckt. Se hëllefen do 3 Koordinatiounscampen opzebauen, wou virun allem Hëllefsorganisatioune schaffen a schlofe kënnen. 

Viru kuerzem gouf Material, dat mam Fliger an de Sudan transportéiert gouf, an engem Lager zu Lëtzebuerg agepaakt. Nieft Lëtzebuerg, hëllefen 3 weider EU-Länner beim Opbau vun de Koordinatiounscampen. Ënnerstëtzt ginn se vum Flüchtlingshëllefswierk vun de Vereenten Natiounen. Duerch d’Corona-Kris erlieft de Sudan selwer eng Wirtschaftskris.

Weinst de miserabele sanitäre Konditioune fäert Unicef den Ausbroch vu Krankheeten. Ënnert de Flüchtlinge si vill Kanner a schwanger Fraen. Fir op d’Noutsituatioun am Sudan ze reagéieren, hat eben Lëtzebuerg decidéiert, Leit a Material dohinner ze schécken.

Ufank November war am Tigray e militäresche Konflikt tëscht der ethiopescher Regierung an der Regioun Tigray ausgebrach. Dausende Mënsche sinn dobäi ëm Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO