
Bis haut hu sech eng ronn 450.000 Leit am Grand-Duché mat Biontech/Pfizer, Astrazeneca, Moderna oder Janssen impfe gelooss. Zanter der leschter Woch ass dann och e weideren Impfstoff zougelooss, produzéiert vum US-Biotechkonzern Novavax.
Munch een hat méiglecherweis op den Nuvaxovid gewaart, fir sech impfen ze loossen, well den neien Impfstoff vun Novavax anescht funktionéiert, wéi déi bis elo vun der Europäescher Medikamentenagence zougeloosse Vaccinen.
Dacks ass ze liesen, datt et sech beim Vaccin vun Novavax ëm e sougenannten Totimpfstoff géing handelen. Wëssenschaftler weisen awer dorop hin, datt dat net korrekt ass, mee hei muss vun engem Proteinimpfstoff geschwat ginn. Am Géigesaz vu Biontech/Pfizer, Astrazeneca, Moderna an Johnson & Johnsen ass Novavax nämlech weder e sougenannte mRNA, nach e Vektor-Impfstoff. Dësen huet am Labo geziichte Partikel a sech, deen eng Versioun vum Spike-Protein vu Sars-CoV-2 ass. Änlech funktionéieren och d’Grippeimpfungen. E wierklechen Totimpfstoff ass dogéint dee vun der franséisch-éisträichescher Firma Valneva, deen nach net zougelooss ass. Esou Impfstoffer enthalen doudeg Bestanddeeler vum Coronavirus, déi immuniséieren. Se sinn awer ongeféierlech, well se sech net méi reproduzéiere kënnen.
Lëtzebuerg huet an enger éischter Phas 30.000 Vaccine vum Novavax-Impfstoff bestallt. Den Ament géing ee kucken, datt eng zousätzlech 69.000 Dose kënnen als Optioun geséchert ginn, heescht et vun der LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Äntwert op eng Parlamentaresch Fro vun der CSV.
An Entwécklungslänner, wou et waarm ass, kéint den neien Impfstoff besonnesch vill an den Asaz kommen, well e sech am Frigo e puer Joer hält a 24 Stonne ka bei Raumtemperatur gelagert ginn.
D’Europäesch Medikamentenagence EMA evaluéiert den Ament och nach d’Impfstoffer vu Valneva, Sanofi an der chineesescher Firma Sinovac.
