
Kuerz virun der Schoulrentrée lafe schonns ewéi gewinnt déi éischt Preparatiounen. E wichtege Volet sinn d’Enseignanten, wou et ëmmer méi ee grousse Personalmangel gëtt. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no wier een awer gutt opgestallt.
„Et ass elo sou, dass mir grouss Efforten déi lescht Jore jo gemaach hunn, fir zousätzlecht Léierpersonal kënnen ze rekrutéieren, sou dass mir momentan keen akute Besoin hunn, wou ma jo vu Joer zu Joer musse fäerten, dass ma d’Klassen net besat kréien, an där Situatioun si mir lo sécherlech momentan net. Dat si Situatiounen, wéi mir se aus anere Länner kennen, wou ee wierklech dann am Ufank vum August/September nach net weess, ob ee genuch Enseignanten huet. Duerch déi Efforten, déi mir gemaach hunn, awer och duerch Programmer, wou Leit aus anere Beruffer konnten eriwwer wiesselen an den Enseignantsberuff, sti ma do momentan relativ gutt do.”
A Lëtzebuerg wier een an enger Situatioun, wou an all Beräich Personal feelt. Grad an der Educatioun wéisst een, dass et weltwäit ee Problem/Sujet ass. Doropshi misst een méi Efforte maachen, fir d’Attraktivitéit vum Enseignantsberuff a generell den edukative Beruffer z’erhalen. Dobäi misst een nach ënnerschiddlech Zougäng schafen, fir et de Jonke méi intressant ze maachen an den Enseignantsberuff eranzewuessen, sou de Claude Meisch.