
Wann et bis e Covid-Vaccin um Marché gëtt, huet Lëtzebuerg an enger éischter Commande via d'EU-Kommissioun ze gutt an domat eng 420.000 Dosen reservéiert. Dat entsprécht engem Prorata vun 0,14 Prozent, deen de Grand-Duché vun der globaler Commande ze gutt huet. Dat huet ewell virun Deeg de Gesondheetsministère verlaude gelooss. D'Paulette Lenert preziséiert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen, datt et weltwäit aktuell 169 Kandidate ginn, déi un engem Covid19-Vaccin schaffen. 26 heivunner sinn ewell an der Phase ukomm, wou u Mënschen getest gëtt.

Wa bis Vaccinen homologéiert goufen, decidéiert Lëtzebuerg op Grond vu senger Test-Strategie, wat fir eng Vaccinen am beschte passen a wat fir eng wäerten hei am Land accessibel gemaach ginn.
Éier dat geschitt, mussen d'Impfstoffer awer vun der europäescher Agence fir Medikamenter op Sécherheet an Effikassitéit getest ginn, eréischt da wäert et eng europäesch Autorisatioun de mise sur le marché ginn.