Trade and Investment BoardLëtzebuerg muss decidéieren, mat wiem ee wëll Handel bedreiwen

Fanny Kinsch
D'Lëtzebuerger Wirtschaft an den Handel musse sech änneren, huet et e Mëttwoch no engem Treffe vum Trade and Investment Board geheescht.
Trade and Investment Board
D’Lëtzebuerger Wirtschaft an den Handel musse sech änneren, huet et e Mëttwoch no engem Treffe vum Trade and Investment Board geheescht.

Trade and Investment Board ass e Gremium vum Wirtschaftsministère, an deem aner Ministèrë vertruede sinn, mä och d’Chambre de Commerce a Luxinnovation. Haaptsujet war: wéi soll ee wirtschaftlech mat de geopoliteschen Ännerungen ëmgoen?

Trade and Investment Board / Rep. Fränz Aulner

Et wier een net méi an enger bipolarer, mä an enger multipolarer Welt. Mat engersäits den USA, mat deenen ee sech rapprochéiert hätt, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Op der anerer Säit hätt ee Russland, mat deenen een net méi kéint weider Handel bedreiwen. An op engem anere Pol nach Länner ewéi China oder Indien zum Beispill. Elo misst een decidéieren: mat wiem schaffe mer nach, mat wiem schaffe mer méi intensiv? Dat wier an den Ae vum Wirtschaftsminister “keng schwaarz-wäiss Diskussioun”. Et misst een eng Balance fannen tëscht dem Attachement zu de Mënscherechter an op der anerer Säit de Betriber, déi awer nach misste an enger klenger an oppener Ekonomie kënne funktionéieren.

Wäerter verdeedegen a gläichzäiteg Handel maachen, dat kann een ënnert een Hutt kréien, mengt och de Luc Frieden, de President vun der Chambre de Commerce. Och no der russescher Aggressioun op d’Ukrain bleift de fréieren CSV-Finanzminister der Meenung, datt ee mam Handel kann “Brécke bauen”. Wann een aner Länner géing isoléieren, da géing ee riskéieren, datt Länner ewéi Russland, China an d’Tierkei nach méi Alliéiert géinge ginn, sou de Luc Frieden, deen och President vun der BIL ass, där hiren Haaptaktionär d’chineesesch Legend-Holding ass.

Dem Franz Fayot no misst Europa - e groussen a fortgeschratten, mä ressourceaarme Marché – esou oppe wéi méiglech bleiwen, mä och esou autonom gi wéi méiglech: “wou mer nei Wirtschaftssecteuren, déi mer brauchen hei an Europa, opbauen”. Hien huet als Beispiller fir d’Reindustrialiséierung d’Semi-Conducteuren (Mikrochippen) oder nach Batterië fir Elektroautoen a Santésprodukter genannt. Och bei de Liewensmëttele misst ee méi lokal produzéieren an d’erneierbar Energië missten natierlech och ausgebaut ginn. De Luc Frieden sot, et wier eng Illusioun ze mengen, Europa kéint ganz autonom ginn. Hien huet op d’Handye gewisen, déi um Dësch leien: “dofir ass et souwuel aus Stabilitéitsgrënn, aus Diversifikatiounsgrënn, mä och aus richtege Wuelstandsgrënn noutwendeg, datt mir mat all deene Länner, aus deene mer Matière-première brauchen, zesumme schaffen”.

Fir weider Wuelstand ze schafen, hunn d’Vertrieder vum Trade and Investment Board och nei wirtschaftlech Missiounen am Ausland confirméiert: am Mee elo a Portugal, am Juni a Kanada an um Enn vum Joer a Südkorea. D’Chambre de Commerce géing nach weider Missiounen am noen Ausland programméieren, notamment am Grand-Est. Hei gouf verséchert, et géing een net an déi Géigend “wilderen” goen. Donieft gouf de Point gemaach iwwert d’Participatioun vu Lëtzebuerg un der Weltexpo zu Osaka a Japan am Joer 2025. Dee Pavillon géing ënnert dem Zeeche vun der Nohaltegkeet a vun der Innovatioun entwéckelt ginn. Sou soll de Pavillon kënnen no der Ausstellung ofgebaut a rëm benotzt ginn an den ekologesche Foussofdrock soll Null sinn. Effektiv gouf e Mëttwoch um Trade and Investment Board net vill iwwert Spuersamkeet oder Bescheidenheet geschwat.

Back to Top
CIM LOGO