Luxembourg Cyber Defence CloudLëtzebuerg schaaft eng sougenannte Cloud am Beräich vun der Defense

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg baut eng Cloud op, déi am Beräich vun der Defense soll genotzt ginn. Engersäits vu Lëtzebuerg selwer an anerersäits vun Nato-Partnerlänner.
© Luc Rollmann

Lëtzebuerg schaaft déi néideg Infrastruktur dofir hei am Land an assuréiert d’Sécherheet dovun, genee wéi d’Connectioun iwwer sécher Leitungen. Fir de Contenu vun hirer Cloud sinn déi entspriechend Partnerlänner verantwortlech.

De ganze Projet leeft iwwer 12 Joer. No 2 Joer soll d’Luxembourg Defence Cloud kënne genotzt ginn. De Budget dofir läit bei gutt 250 Milliounen Euro.

Luxembourg Cyber Defence Cloud / Maxime Gillen

Vue datt de Beräich vun der Defense ëmmer méi digitaliséiert gëtt an d’Zuel vun de Cyberattacken tendenziell géif an d’Luucht goen, wier et wichteg, och zu Lëtzebuerg déi landeskritesch Infrastrukturen ofzesécheren, esou de Verdeedegungsminister François Bausch. An där Projete kéinten dann och iwwert déi Lëtzebuerger Cloud lafen.

Konkret wäert Lëtzebuerg d’Infrastruktur schafen, d’Sécherheet dovun assuréieren, genee wéi d’Connectioun iwwer sécher Leitungen, wéi de Responsabele fir Cybersécherheet bei der Defense-Direktioun, Ben Fetler, erkläert.

Cloud-Computing an der Cybersécherheet
De Ben Fetler, Responsabele fir Cybersécherheet bei der Defense-Direktioun, erkläert wéi cloud-computing an der Cybersécherheet funktionéiert.

Wéi de Minister erkläert, wier Lëtzebuerg eent vun den éischte Länner, dat an dësem Beräich massiv investéiert an den Interessi vu Partnerlänner, fir dës Offer ze notzen, wier och scho grouss.

© Luc Rollmann

Back to Top
CIM LOGO