Trotz Delaie bei der JustizLëtzebuerg schneit bei Rechtsstaatlechkeet am internationale Verglach gutt of

RTL Lëtzebuerg
Just an zwou Kategorië klasséiert sech Lëtzebuerg ënnert der regionaler Moyenne. Dat sinn d'Impartialitéit an d'Delaien am Strofrecht.
© afp

Rechtsstaatlechkeet - E Reportage vum Michele Sinner

Lëtzebuerg schneit am internationale Verglach gutt of, wat d’Rechtsstaatlechkeet ugeet. Op d’mannst wann een dem Index vum World Justice Project gleeft. An dësem Index, dee rezent publizéiert gouf, klasséiert sech de Grand-Duché op der 8. vun 140 Plazen. Den Index kuckt nieft dem Gesetzeskader och wéi dësen applizéiert gëtt.

Just an zwou Kategorië klasséiert sech Lëtzebuerg ënnert der regionaler Moyenne. Dat sinn d’Impartialitéit an d’Delaien am Strofrecht. Aus dem Index géing allerdéngs net kloer ervir, wat hei mat Impartialitéit gemengt wier, seet den Affekot a fréiere President vun Amnesty International Frank Wies.

Wat allerdéngs géing opfalen, wier eng gewëssen Diskrepanz beim Traitement vu Residenten an Net-Residenten, esou de Frank Wies. “Wann d’Leit net zu Lëtzebuerg e Wunnsëtz hunn, da riskéieren se vill, vill méi oft an Untersuchungshaft ze kommen a si riskéieren och méi laang an Untersuchungshaft ze sinn, well dann eben och ganz oft Fluchtgefor hinnen ënnerstallt gëtt.”

Wat d’Delaien ugeet, gëtt de Frank Wies ze bedenken, datt eng Strofprozedur hir Zäit brauch, wann souwuel d’Rechter vun Affer wéi Täter respektéiert solle ginn. D’Fro vun den Delaien wier dowéinst och eng vun de Moyenen, déi der Justiz zur Verfügung stinn, betount de Frank Wies: “Wat der méi Untersuchungsriichteren hutt, wat se méi schnell kënnen Untersuchungen zum Ofschloss bréngen. Wat der méi Leit op engem Parquet schaffen hutt, wat se méi schnell Dossiere kënnen opschaffen, wat der méi Strofkummeren hutt, wat der méi schnell kënnt e Prozess usetzen. An dat ass, mengen ech, ee vun de sprangende Punkten.”

Tatsächlech bekloe sech déi Verantwortlech vun den zwee Parqueten a queesch duerch d’Tribunaler an d’Instanzen am Joresrapport 2021 vum Ministère de la Justice iwwert akute Personalmangel an zum Deel och iwwer e Mangel u Plaz.

Esou Statistiken ginn am Index iwwert d’Rechtsstaatlechkeet net berécksiichtegt. Dee berout op Sondagen, fir déi 651 Residenten befrot goufen an op Questionnairen, déi vun engem Echantillon vun Affekote beäntwert goufen.

Back to Top
CIM LOGO