
Och als klengt Land kéint de Grand-Duché mam gudde Beispill virgoen, zum Beispill wat de Verbuet vu verschiddene Pestiziden ugeet. “Mir si grouss Ënnerstëtzer fir Glyphosat ze verbidden an dat sollte mer och als eenzelt Land maachen”, seet dozou onmëssverständlech de President vun Natur an Ëmwelt. Et géing och schonn en anert Beispill ginn, dat gewisen hätt, dass Lëtzebuerg och eleng handele kann:
“Mir hunn zu Lëtzebuerg, ier de Wollef iwwerhaapt eropgetaucht ass, flott Programmer, flott Informatiounsversammlunge gemaach an ech mengen, dass mer zu Lëtzebuerg e Land sinn, wat keng Panik huet, wann e Wollef dorëmmer ass. Dofir mécht een dat als Naturschützer nervös, dass de Schutzstatus vum Wollef elo erëm soll erofgesat ginn. Dat bréngt näischt, well de Wollef ass éischtens fir de Mënsch net geféierlech, zweetens ass et e staarkt Element fir eng Biodiversitéit ze stäipen.”
Ganz allgemeng wier d’Erhale vun der Biodiversitéit, vum Wollef, iwwer d’Fiichtgebidder bis bei d’Insekten, d’Haaptfuerderung vun Natur an Ëmwelt. Besonnesch d’Thema ekologesch bauen, wier eng vun de gréissten aktuellen Erausfuerderungen. Um Neijoerschpatt am Haus vun der Natur hu sech déi Responsabel och nach dofir ausgeschwat, dass de Logement an den Ëmweltschutz net géintenee sollen ausgespillt ginn. Doriwwer eraus huet de Roby Biwer nach betount, dass méi mat de Bauere sollt zesummegeschafft ginn. Da wier e besseren Ëmweltschutz sécherlech méiglech.
D’Stëftung Hëllef fir d’Natur vun Natur an Ëmwelt keeft a geréiert Terrainen, fir eben dësen Ëmwelt- an Naturschutz ze garantéieren. Dat kënnen zum Beispill Fiichtgebidder sinn oder Bëscher, déi besonnesch mussen ënnerhale ginn. An den 42 Joer, zanter dass et d’Stëftung gëtt, sinn eng 1.800 Hektar Terrain zesummekomm. Eng EU-Direktiv gesäit vir, dass 30 Prozent vun der Fläch vun engem Land sollen ënner Schutz gestallt ginn, erkläert de Vize-President vun der Stëftung, de Claude Meisch. Zu Lëtzebuerg wier een den Ament bei 27 Prozent. D’Stëftung wéilt och an dësem Joer weider dorunner schaffen, fir mat neie Projeten un d’Zil vun 30 Prozent erunzekommen.