Och Lëtzebuerg hätt d’Méiglechkeet, Nimm op d’Lëscht mat Persounen ze setzen, deenen d’Ausrees aus der Gazasträif iwwer den ägyptesche Grenzpunkt Rafah erlaabt ass, betount d’Organisatioun.
D’Mënschen dohanne géingen a Flüchtlingslageren an an Zelter ënner schlëmme Konditioune liewen. Si hätte kee proppert Waasser, net genuch Liewensmëttel a Medikamenter. Fir hinnen ze hëllefen, fuerdert Waassermeloun, datt Lëtzebuerg de Familljemembere vu Lëtzebuerger Residenten eng “Résidence temporaire” gëtt an hinne Sécherheet garantéiert.
Firwat nennt sech d’Organisatioun “Waassermeloun”?
Zanter dräi Méint gesäit een ëmmer méi Fändelen, T-Shirten, Plakater oder Posts an de soziale Medien, op deenen eng Waassermeloun ze gesinn ass. D’Fruucht, déi mam roude Fleesch, der grénger Schuel a schwaarze Kären un de Fändel vu Palästina erënnert, ass zanter dem Krich tëscht Israel an der Hamas zum Symbol vun der Solidaritéit mat Palästina ginn.