ECTLëtzebuerg trëtt aus dem Energiecharta-Traité aus

RTL Lëtzebuerg
Dësen ëmstriddene Kontrakt soll u sech auslännesch Investitiounen am Energieberäich protegéieren, mä huet vill Kritiker an der EU.
© Domingos Oliveira / RTL (Archivbild)

Dës Decisioun gouf op Propositioun vum Energieminister e Freideg de Moien am Regierungsrot geholl. Wéi de Claude Turmes op Twitter schreift, wier den “Energy Charter Treaty” nach ëmmer net compatibel mat den Ziler vum Paräisser Klimaaccord.

De Probleem wier, datt e weiderhin Investissementer a fossil an nuklear Energie géif ze vill protegéieren an dofir d’Decisioun vu Lëtzebuerg, aus dem Traité erauszeklammen.

Den internationale politeschen Accord ass Ugangs de 90er Jore geschriwwen a signéiert ginn a sollt nom Enn vum Kale Krich dofir suergen, datt westlech Energie-Investissementer vu fréieren Ostblocklänner protegéiert ginn.

D’EU-Kommissioun huet zwar eng Reform vum Traité proposéiert, an awer hu schonn eng Partie Länner, wéi Holland, Frankräich an Däitschland annoncéiert, datt si dem Traité de Réck dréinen.

AFP-Faktenccheck: Europäesch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus

Back to Top
CIM LOGO