Frankräich an Holland hu rezent annoncéiert, dass si sech aus dem Vertrag iwwer d'Energiecharta (ECT) zeréckzéien. Dës Annonce huet a sozialen Netzwierker fir Opreegung gesuergt, well dëst Virgoen duergestallt gëtt, wéi wa béid Länner de Klimaschutz net eescht huele géifen.

Déi ierféierend Behaaptung gouf den 22. Oktober vun Ice Age Farmer gedeelt, engem Kanal op Telegram, deen heefeg Messagë géint Net-Zero-Campagnë propagéiert (hei an hei).

Am Bäitrag ass e Screenshot vun Tweets vum Bart-Jaap Verbeek, engem Fuerscher um Centre for Research on Multinational Corporations (SOMO) an Holland, vum 19. Oktober ze gesinn.

Am Post heescht et: "BREAKING: Den hollännesche Minister Jetten huet grad bekannt ginn, dass Holland decidéiert huet, aus dem Vertrag iwwer d'Energiecharta (ECT) erauszeklammen."

RTL

A screenshot of the misleading post, captured on October 31

Den ECT, un där 52 Staate virun allem aus Zentralasien an Europa bedeelegt sinn, gouf ursprénglech am Joer 1994 ënnerzeechent, fir Energieinvestitiounen an onstabille Länner, déi virdrun zu der Sowjetunioun gehéiert hunn, ze schützen.

En erméiglecht et Firmen aus dem Energiesecteur, Regierunge wéinst energiepoliteschen Decisiounen ze verkloen, wat d'Länner Schuedenersatz a Milliardenhéicht kaschte kéint.

De 24. Juni 2022 huet sech d'Europäesch Unioun op e Kompromëss gëeenegt, fir de Vertrag no zweejärege Verhandlungen ze aktualiséieren. Eng vun den neie Bestëmmunge vum adaptéierte Vertrag schléisst nei Investitiounen a fossil Brennstoffer vun de Schutzmesuren aus a gesäit eng Auslafzäit vun 10 Joer fir Schutzmesurë fir scho bestoend Investitiounen vir.

De Bäitrag op Telegram gouf tëschenzäitlech vun engem Telegrammkanal vu QAnon weider gedeelt, enger net registréierter Partei an Australien, déi vum Konspiratiounstheoretiker Riccardo Bosi gegrënnt gouf, souwéi vu Social-Media-Notzer aus Holland, Schweden, den USA, Brasilien a vun de Philippinnen.

Allerdéngs ass dës Behaaptung ierféierend, wéi Droitsexperten der AFP soten.

D'Rachel Thrasher, Dozentin fir Droit op der Boston University, sot géintiwwer der AFP, dass d'Behaaptung "komplett de Géigendeel" vun de Motiver vun de Länner fir den Austrëtt aus der ETC ze si schéngt.

"Den Austrëtt aus dem Vertrag iwwer d'Energiecharta ass e Schratt, fir politesche Spillraum fir méi, besser a méi effektiv Klimaschutzmesuren ze schafen", sot si. "Déi franséisch an hollännesch Regierungsvertrieder hu festgestallt, dass de Vertrag net mat de Klimaziler iwwerenee stëmmt (wann hir Politik, keng fossil Brennstoffer méi ze ënnerstëtzen, virun engem Schiidsgeriicht ugefecht gi kann)."

De Lukas Schaugg, Analyst am Droit um International Institute for Sustainable Development (IISD), sot der AFP, dass déi europäesch Natiounen "net vu Bord ginn" a Bezuch op hir Verflichtungen am Kampf géint de Klimawandel.

"D'Erausklammen aus der ECT ass zur Zäit déi praktikabelst Optioun, fir sécherzestellen, dass d'Länner bei der Reguléierung déi néideg Fräiheet hunn, fir déi energetesch Transitioun an den nächste Joerzéngte virunzedreiwen", sot hien.

"D'Tatsaach, dass dës EU-Memberstaaten dësen Austrëtt elo public gemaach hunn, ass en däitlecht Zeechen dofir, dass si d'Resultat vun de Verhandlunge vun der EU-Kommissioun als net ambitionéiert genuch fir de Klimaschutz ugesinn an dowéinst ofleenen."

Net kompatibel mam Accord vu Paräis

D'Bäiträg stellen d'Decisioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer d'Grënn fir den Austrëtt aus dem Vertrag falsch duer.

De Rob Jetten, den hollännesche Minister fir Klima an Ëmwelt, huet den 18. Oktober virum Parlament gesot, dass Holland sech aus dem Vertrag zeréckzitt, well den ECT net am Aklang mam Accord vu Paräis stéing.

"Den Optrag vun der Europäescher Kommissioun war et, den ECT mam Paräisser Klimaaccord an Aklang ze bréngen", sot hien. "Trotz zuelräiche Moderniséierungen, déi elo am Bilan vun de Verhandlunge stinn, gesi mir net, wéi den ECT ausräichend mam Paräisser Ofkommes an Aklang bruecht gouf."

Nieft dem Austrëtt vun Holland huet sech och Frankräich den 21. Oktober aus dem Vertrag zeréckgezunn.

De franséische President Emmanuel Macron sot, de Schrëtt wär geholl ginn, fir bei der Bekämpfung vun der globaler Erwiermung "méi koherent" mam Paräisser Klimaaccord ze sinn.

"An haut gesinn ech mat Suerg, dass mir net just op d'Iwwergangsenergien zeréckgräifen, mee och op Kuelewaasserstoff an ëmweltschiedlech fossil Brennstoffer", sot hien op enger Pressekonferenz. "De Krich op europäeschem Buedem dierf eis dohier net dozou bréngen, eis Verflichtunge fir de Klimaschutz an eisen Imperativ, eis CO2-Emissiounen ze reduzéieren, ze vergiessen. De Récktrëtt vun dësem Vertrag ass Deel vun dëser Strategie."

Frankräich huet sech verflicht, bis 2050 d'Zil vun Netto-Null-Emissiounen ze erreechen.

Am Oktober vun dësem Joer hunn d'Vereenten Natioune gewarnt, d'Welt wär wäit fort vum Zil vum Paräisser Accord, d'Erwiermung op 1,5 Grad Celsius iwwer dem virindustriellen Niveau ze limitéieren, wéi d'AFP matgedeelt hat.

Schonn am Februar hu Klimaexperte vun der UNO an engem Rapport, deen als "Atlas vum mënschleche Leed" bezeechent gëtt, gewarnt, dass déi global Erwiermung eis Virbereedunge fir eng Welt, déi vum Klimawandel verännert gëtt, nach iwwertreffe wäert.

Den Drock gëtt ëmmer méi grouss


Den aktualiséierten ECT sollt am November a Kraaft trieden, wa kee vun de Signatairen Awänn gehat hätt. D'Ofkommes muss op EU-Säit awer nach vum Europäesche Parlament a vun de Memberstaaten accordéiert ginn, wéi d'AFP matgedeelt hat.

D'Madamm Trasher sot, wann d'Parteien net mam moderniséierten Text averstane wären, géif de Vertrag a senger aktueller Fassung bleiwen.

Si sot: "Et ass onkloer, ob d'EU iwwerhaapt d'Kompetenz huet, de Vertrag ze ënnerschreiwen an hir Memberstaaten un dës Verflichtungen ze bannen, wa si sech individuell dogéint ausgeschwat hunn."

"Ëmsou méi EU-Memberstaaten ukënnegen, aus dem Vertrag auszetrieden, ëmsou méi grouss gëtt den Drock op d'EU-Kommissioun, hir Haltung ze änneren an e Plang fir d'Ëmsetzung, dass d'EU aus dem ECT austrëtt, auszeschaffen", sot de Schaugg.

Mä och wann d'Länner ausgetruede sinn, bleiwe si un eng "Sunset clause" gebonnen, wat bedeit, dass si och nom Austrëtt aus dem Vertrag vun Energieentreprisë verklot kënne ginn.

D'Trasher sot dozou, dass d'EU-Länner ëmmer nach d'Méiglechkeet hätten, d'Klausel ze neutraliséieren, wann en neit Ofkommes zustane kéim.

"Wa Länner net verklot wëlle ginn (vun Entreprisë fir fossil Energien oder soss engem aneren), kënne si ënnereneen en nodréiglecht Ofkommes treffen, dat d'Sunset-Klausel ophieft", sot si.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.