
Spëtzereider wat d’Pressefräiheet ugeet bleift zanter Joren Norwegen. Dat wéinst der ëmfaassender Onofhängegkeet vun de Medien an der Politik, dem gesetzleche Schutz vun der Informatiounsfräiheet an enger pluralistescher Medielandschaft.
Dono kommen am Ranking d’Nopeschlänner Dänemark a Schweden. Holland ass op der 4. Plaz, dono komme Finnland, Estland a Portugal.
Däitschland ka sech ëm ganzer 11 Plaze verbesseren a packt et domadder an d’Top10. Direkt hannendru kënnt Lëtzebuerg op Plaz 11. 2023 louch de Grand-Duché nach op Plaz 20.
Lëtzebuerg rangéiert ënnert de Länner, déi mat “Zefriddestellend” bewäert sinn an ass domat an der selwechter Kategorie wéi d’Schwäiz, Däitschland, Irland oder Kanada - fir der e puer ze nennen.
Wann een den Detail vun der Auswäertung kuckt, läit Lëtzebuerg beim Thema Sécherheet weltwäit souguer op Plaz 1. An der Rubrik “gesetzleche Kader” kënnt Lëtzebuerg iwwerdeems just op Plaz 34.
Ganz um Wupp vum Ranking fanne mer an enger Lëscht vun 180 Länner Eritrea. Do virdru komme Syrien, Afghanistan, Nordkorea an den Iran.
Déi weltwäit Situatioun, wier awer schlecht. Reporter ouni Grenze bericht vu méi Iwwergrëffer op Journalisten, do wou Walen ofgehale ginn. Besonnesch no Ofstëmmunge kéim et zu verbale Menacen, Gewalt a Verhaftungen. Dat mécht Suergen, well dëst Joer iwwer d’Hallschent vun der Weltbevëlkerung wiele geet, ënnert anerem an den USA an an Indien.
An 36 Länner gëtt d’Lag vun der Pressefräiheet dann als “ganz eescht” klasséiert, wat heescht, dass do eng onofhängeg journalistesch Aarbecht praktesch net méiglech wier. An de Statistike vu Reporter ouni Grenze sinn dat esou vill Länner, wéi zanter 10 Joer net méi.
