
E Freideg de Moien huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen d’Baueren an d’Wënzer awer encouragéiert, och weiderhin op de Pestizid ze verzichten. Déi lescht Joren hätte jo scho gewisen, datt et och ouni Glyphosat géing goen, sou de Landwirtschaftsminister Claude Haagen e Freideg de Moie virun der Press.
“Ech géif dofir an deem Kontext wierklech ee waarmen Appell maachen un de ganze Secteur, esouwuel un d’Baueren ewéi un d’Wënzer, ewéi och un Uebst- a Geméisproduzenten, fir wierklech de Glyphosat net ze benotzen. Dat huet déi lescht zwee Joer funktionéiert an ech gesi lo net den Ënnerscheed, wann et dach funktionéiert huet, erëm bei den ale System zréckzegoen. Mir wëssen dach alleguer wéi fragille eis Ëmwelt ass.”
D’lescht Woch hat d’Verwaltungsgeriicht och an zweeter Instanz dat eesäitegt Lëtzebuerger Glyphosat-Verbuet gekippt. De Lëtzebuerger Staat hätt keng valabel juristesch Argumenter virbruecht, déi de Verbuet weider rechtfäerdege kéinten.
Dëst soll sech elo änneren, huet et e Freideg de Moien vum Landwirtschafts- an Ëmweltministère geheescht. Et wéilt ee mat engem Recherche-Institut zesummeschaffen an eng Etüd lancéieren, deen déi negativ Auswierkunge vum Glyphosat genee beleeë kéint. Iwwerdeems géing och déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet EFSA eng Etüd lancéieren.
Et sollen och verschidde Reglementer ugepasst ginn. Sou soll ënnert anerem vum dem 1. Januar un de Règlement Grand-ducal ugepasst ginn, deen de Verkaf, de Gebrauch an de Stockage vum Glyphosat reegele soll.
De Landwirtschaftsminister Claude Haagen verweist och op de Plan national iwwer Planzeschutzmëttel, dee virgesäit, bis 2025 den Asaz vu Pestiziden ëm 30 Prozent ze reduzéieren.
“Beim Plan National iwwer Planzeschutzmëttel, do si mer och gelueft ginn vun der Kommissioun, well mer missten op -30 Prozent kommen, mir sinn lo op -36 Prozent. Bis 2030 misste mer op -50 Prozent kommen, do si mer och an der Trajectoire. Wat natierlech elo Produiten, déi virdrun verbuede waren, erëm op de Marché kommen oder rëm weider gebraucht ginn, da wäert dat e negativen Impakt hunn op déi Verbesserungen hunn. Da wäerten déi Obligatiounen net kënnen agehale ginn.”
Donieft wëll d’Regierung verschidde Reglementer upassen, zum Beispill am Waasserschutz, sou de Claude Haagen
“De Glyphosat ass a sämtleche Zonen, iwwer Drénkwaasserzone verbueden, e war ronderëm de Stauséi souwisou scho verbueden, mir hunn elo och eng Extensioun iwwer aner Zone gemaach, sou dass dat vun haut un [Freideg] och antrëtt. Et ass de principe de précaution deen dëser Regierung um Häerz läit an dofir ass do séier reagéiert ginn.”
Ausserdeem sollen deemnächst Primme fir Acteuren, déi op Substanze wéi Glyphosat verzichte wëllen, accordéiert ginn.
Greenpeace monéiert an engem Schreiwes, datt d’Regierung net de Courage huet, fir en neit Glyphosat-Verbuet op enger adequater rechtlecher Basis op de Wee ze bréngen.
D’Regierung misst all méiglech rechtlech Schrëtter aleeden an de Landwirtschaftsminister Claude Haagen misst sech besser juristesch berode loossen, fir d’Verbuet ze begrënnen.
Och de Mouvement écologique schwätzt vun enger Inkonsequenz a bedauert, datt net un engem neie Verbuet wäert geschafft ginn.
Vun der Prozedur hier wier et wuel méiglech gewiescht, en neit Verbuet op zolidd juristesch Féiss ze setzen. Dat wier de Mouveco bei gutt informéierte Kreesser gewuer ginn, heescht et an engem Communiqué. Positiv ze bewäerte wier awer den Appell un d’Landwirtschaft, weiderhin op Pestiziden ze verzichten.