
Dobäi gouf ënnert anerem gekuckt, wéi vill d'Salariéen am Duerchschnëtt an engem Joer verdéngt hunn, a wéi enge Secteuren d'Paien am héchsten ausgefall sinn a wéi eng Roll de Schoulofschloss a puncto Gehalt spillt.
2018 louch d'Brutto-Duerchschnëttsakommes zu Lëtzebuerg (Vollzäitaarbecht) bei 65.801 Euro an engem Joer. Mat an d'Berechnungen agefloss sinn och Remuneratioune wéi Primmen, Iwwerstonnen, 13. Mount oder de Bonus Enn des Joers.
Déi héchste Paie gi Statec no am Finanzsecteur ausbezuelt. Dës fale ronn 3 mol méi héich aus wéi am Horesca-Beräich. De Berechnungen no koum een am Horesca-Secteur op ronn 33.796 Euro am Joer, am Finanzwiese waren et dogéint 99.250 Euro Brutto-Akommes.
Nieft dem Horesca sinn d'Paien am Beräich vum Commerce, Constructioun, Sécherheet/Iwwerwaachung a vun de Botzfirmen am niddregsten ausgefall. Ma net just d'Finanzwiesen, mä och aner Secteure leien däitlech iwwert dem Lëtzebuerger Brutto-Duerchschnëttsakommes vu 65.801 Euro am Joer 2018.
Am Enseignement koum de Statec op e Schnëtt vun 98.835 Euro, an der Administration publique waren et 86.582 Euro an am Gesondheets- a Sozialberäich 68.303 Euro.

Interessant ass och de Verglach vum Akommes jee no Schoulofschloss. Wéi aus der Statec-Grafik ervirgeet, verdéngen d'Salariéë mat engem Unisdiplom däitlech méi. D'Brutto-Duerchschnëttsakommes vun de Leit mat engem Masterdiplom louch bei 108.811 Euro am Joer 2018 an dat vun deene mat engem Bachelor-Diplom bei 81.446 Euro. Hallef esou héich ausgefall wéi bei de Master-Absolventen ass d'Brutto-Pai bei de Salariéen, déi en Diplôme fin d'études secondaires, fin d'études secondaires techniques, technicien, DAP asw. hunn. Do louch d'Moyenne virzejoert bei 53.904 Euro. Wien net am Besëtz vun esou engem Diplom ass, huet am Schnëtt nach manner verdéngt a koum op e Brutto-Joresgehalt vun 39.400 Euro.

Weider huet Statec ënnersicht, ob et Ënnerscheeder gi bei de Frontalieren an de Residenten zu Lëtzebuerg. Trotz selwechtem Schoulofschloss beleeën d'Lëtzebuerger Residentë Posten, op deene se méi verdéngen: "en moyenne, un frontalier d'un niveau d'éducation donné gagne autant qu'un résident luxembourgeois du niveau directement inférieur. À même niveau d'éducation, les résidents luxembourgeois occupent des professions et des postes plus rémunérateurs."
Ausserdeem gouf an Zuele festgehalen, dass en Net-Lëtzebuerger Resident an der Moyenne 82% vum Salaire vun engem Lëtzebuerger Resident verdéngt, e Frontalier kënnt op 72%.