30. nationale Concours vu franséisch-Lëtzebuerger CremantenLëtzebuerger Cremant mat 20 Gold- a 5 Sëlwermedailen ausgezeechent

Roy Grotz
D'Wënzer-Cooperative vun der Vinsmoselle krut déi meeschte Goldmedaile mat 5 Stéck. D'Haus Gales krut 4 Goldmedailen.

De Lëtzebuerger Cremant bleift eng sécher Valeur: Beim nationale franséisch-Lëtzebuerger Cremant-Concours goufen et net manner wéi 20 Gold- a 5 Sëlwermedaile fir de Lëtzebuerger Cremant.

De Jury huet dës Medaile bannent 70 verschiddenen Zorte verdeelt, déi fir de Concours gestallt gi waren. Dat waren nieft der Lëtzebuerger Musel Cremanten aus e.a. dem Jura, dem Elsass, der Bourgogne an der Loire. Amplaz d'geplangt Degustatioun zu Beaune goufen et dëst Joer regional Juryen, déi hir Punkten an Appreciatioune verdeelt hunn.

Déi meescht Goldmedaile fir e Cremant brut krut d'Wënzer-Cooperative vun der Vinsmoselle mat 5 Stéck, 4 goungen der u Caves Gales an all Kéier 3 Goldmedaile ware fir d'Produzenten Desom a Krier Frères.

Datt d'Succès-Story vum Lëtzebuerger Cremant unhält, weisen d'Chifferen: Goufe virun 10 Joer nach 2,1 Millioune Fläsche produzéiert, sou waren et der aktuell ronn 3,5 Milliounen.

Klickt hei, fir op d'Lëscht vun de Cremanten ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO