Dëst Joer waren déi vill international renomméiert Riedner natierlech digital bäigeschalt. E Land, mat deem de Weste politesch bal näischt gemeinsam huet, dofir awer wirtschaftlech ganz vill. Och wann d'Bezéiungen tëscht der EU an den USA mat eben der Volleksrepublik den Ament ugespaant sinn, China ass um gudde Wee d'USA als déi gréisste Wirtschaftsmuecht ofzeléisen.
Nawell oder grad dowéinst ass d'Lëtzebuerger Ekonomie ganz enk mat der chinesescher verbonnen.
Siwe chinesesch Banke sinn zu Lëtzebuerg. Zanter 2017/18 ass den Haaptaktionär vun der BIL aus China. An och d'Cargolux an Encevo hunn chinesesch Investisseuren.
Den Nicolas Mackel, Direkter Luxembourg for Finance:
"Domadder ass Lëtzebuerg als Finanzplaz nees a senger Roll als eng wichteg Plattform an der internationaler Finanz bestätegt. An dat ass, wat fir eis zielt."
Et hält ee sech gär gutt mat deene Staarken. A China hält den Ament – an der Kris - effektiv d'Weltwirtschaft um Rullen: Déi chinesesch Exporter an d'EU sinn am Abrëll ëm knapps 24 Prozent geklommen, d'Importer aus der EU souguer ëm gutt 43 Prozent. Experte rechne mat engem Wirtschaftswuesstem vun 8 Prozent.
Den Nicolas Mackel:
"China ass e Land, wat duerch säin enorme Wuesstem wierklech unzitt. A wou ganz vill europäesch an domat och Lëtzebuerger Entreprisen sech selwer och wëlle positionéieren."
Vill Awunner. D'Kafkraaft klëmmt. Ausgeglach war d'Handelsrelatioun awer net ëmmer, an dat zu Gonschte vun de Chinesen, wéi de Finanzminister Pierre Gramegna wärend dësem China-Forum sot.
De Pierre Gramegna, Finanzminister:
"Et ass wouer, dass et net ganz géigesäiteg war. Dofir sinn e puer Changementer legitiméiert. Ech hoffen dass dëse CAI-Accord geschwënn a Kraaft ass."
Zanter 7 Joer scho gëtt en neien Handelsaccord negociéiert, an awer ass en nach ëmmer net an dréchenen Dicher. Fir den Nicolas Mackel keng Fro vun ekonomescher Kompatibilitéit, mä vu Politik. An dorëms këmmert sech de Finanzsecteur nëmme marginal.
Handelt ee mat enger Natioun, déi mat handfeste Reprochë konfrontéiert ass, Uiguren, eng moslemesch Minoritéit a Campen anzespären?
Den Nicolas Mackel:
"Mir sinn eis däers bewosst. Dofir hu mir déi Fro jo och de Moien op der Konferenz diskutéiert. Mee et ass net un eis, fir Politik ze maachen."
Spille Mënscherechter an der Finanzwelt keng Roll?
"Dat kann een esou net soen", dat seet den Nicolas Mackel, "Mënscherechter spillen eng grouss Roll. Mir si jo ëmmer méi aktiv bei allem, wat nohalteg Finanz ass, an Nohaltegkeet couvréiert och d'Mënscherechter."
D'Hoffnung: duerch de Commerce kéint ee jo och politesch eppes veränneren. Eng richteg Konditioun fir den Handel mat China ass de Respekt vun de Mënscherechter awer net. Dofir ass China ze wichteg.