Falschen AlarmLëtzebuerger Energieprojet an Dänemark net a Gefor

RTL Lëtzebuerg
D'Rumeur, datt eng Decisioun vun Dänemark d'Kooperatioun mat Lëtzebuerg am Beräich vun der Wandenergie belaaschte géing, ass dem Energieminister no falsch.
© Archiv

Eréischt e Mëttwoch hat d’Chamber ee Gesetzesprojet ugeholl, deen ee statisteschen Transfert vun erneierbaren Energien tëscht Lëtzebuerg an Dänemark fir den Zäitraum vun 2021 bis 2025 erméigleche soll. Et geet dobäi ëm bis zu 4.800 Gigawattstonnen grénge Stroum an ëm ee finanziellen Impakt vun 33 bis 66 Milliounen Euro.

Ma schonn en Donneschdeg hunn international Medie gemellt, datt Dänemark all d’Geneemegungsprozedure fir industriell Wandanlagen, déi ënnert “d’Open Door Gesetzer” vun der EU falen, gestoppt hätt, well dës méiglecherweis géint geltend EU-Recht verstoussen. Déi Nouvelle hat zur Suite, datt sech zu Lëtzebuerg d’Fro gestallt gouf, wat fir een Impakt déi Decisioun op den Accord mam Grand-Duché hätt.

D’Äntwert koum en Donneschdegowend op Nofro hi vum Energieminister Claude Turmes: keen! Dänemark hätt nämlech elo schonn eng Iwwerkapazitéit u Stroum a kéint Lëtzebuerg déi urechnen. Doriwwer eraus wier de Projet, bei deem sech Lëtzebuerg bedeelegt, eng sougenannten Energieinsel, souwisou net vun der Mesure betraff, well en eréischt nach entsteet an am Aklang mat den EU-Reegele wier.

Traité ratifizéiert: Lëtzebuerg an Dänemark schaffe bei der Energietransitioun zesummen

Back to Top
CIM LOGO