Traité ratifizéiertLëtzebuerg an Dänemark schaffe bei der Energietransitioun zesummen

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber huet e Mëttwoch en Traité tëscht béide Länner ratifizéiert iwwer den Transfert vun erneierbaren Energien.

Et geet dobäi ëm maximal 4.800 Gigawattstonne grénge Stroum, dee mir eis fir d’Joren 2021 bis 2025 kënnen urechne loossen.

Déi finanziell Enveloppe läit (jee no Besoin fir dat Joer) tëscht 33 a maximal 66 Milliounen Euro.

De Rapporter vun déi Gréng, de François Benoy:

“D’Suen, déi mir un Dänemark bezuelen, ginn an nei Projeten am Beräich vun erneierbaren Energien investéiert. Ënnert anerem an déi éischt Energieinsel op der Welt an an Offshore-Wandmillen am dänesche Mier, awer och an d’Entwécklung vu gréngem Waasserstoff. Dänemark huet säin nationaalt Ziel an der Produktioun vun erneierbaren Energië schonn iwwerschratt a kann dofir grénge Stroum un eis verkafen, dee Lëtzebuerg dann zougerechent gëtt. Wichteg ass hei nach eng Kéier unzemierken, dass et sech net ëm physesche Stroum handelt, mä ëm statistesch Donnéeën, déi mir als Land ugerechent kréien.”

A genee déi Tatsaach kritiséieren ënnert anerem déi Lénk.

D’Myriam Cecchetti betount, datt déi national Mesuren an hiren Ae bei wäitem net duerginn, fir d’Klimaziler z’erreechen an hält an dësem Fall net vill vu statisteschen Transferten.

“Se schafe leider näischt Neies, schafe keng nei erneierbar Energieproduktioun, mä deelen déi geschafen Energieproduktioun just um Pabeier anescht op. Mir ënnerstëtzen natierlech Kooperatioune mat Länner, déi nei Kapazitéite schafen, mä dat hei ass dat awer net. Dofir menge mir och, datt d’Regierung hei e falscht Signal sent. Et gëtt erëm vermëttelt, datt mir eis Verantwortung net selwer mussen huelen, mä datt mir eis einfach fräi kafe kënnen. Dat ass an eisen Aen eng Fal. Mat esou enger Politik gëtt näischt fir d’Zukunft geschafen a mir si weider staark ofhängeg vun anere Staaten an Energiefroen. Fir eis ass a bleift de Réckgrëff vun Energien um Pabeier en Echec an der Energiepolitik vun der Regierung.”

Dat gesäit de gréngen Energieminister Claude Turmes net esou.

Senger Meenung no ass et wichteg a richteg, och a Kooperatiounen z’investéieren. Virun allem well mer esou vill Industrie zu Lëtzebuerg hätten, kéinten net all déi erneierbar Energien am Grand-Duché produzéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO