
Lëtzebuerg handelt am Verglach méi mat Russland wéi déi meescht EU-Länner. D’Repercussioune vum Krich a vun de Sanktioune kréien och eng Rei Lëtzebuerger Acteuren ze spieren. Dee Constat gouf en Donneschdeg de Moien an der parlamentarescher Wirtschaftskommissioun gemaach. Gewëss Lëtzebuerger Produiten däerfen iwwerdeems net méi a Russland exportéiert ginn.
Et handelt sech ëm sougenannt „produits à double usage”, déi kéinten zu militäreschen Zwecker genotzt ginn. Den Export vun dësen huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot verbueden an dat géing och streng kontrolléiert ginn, sou den LSAP-Politiker.
Genee beim Punkt vun der Kontroll ass d’CSV awer skeptesch. Den Deputéierte Laurent Mosar: Och d’Kontroll, ob generell Sanktioune richteg exekutéiert ginn. D’nächst Woch wäerte mer och bei der Finanzministesch, déi fir d’Douane zoustänneg ass, hannerfroen, wéi an der Praxis déi Sanktiounen do ëmgesat ginn.
5,7% vun de Lëtzebuerger Exporter si virum Krich a Russland gaangen. Lo sinn déi Aktivitéiten natierlech aus ville Grënn staark limitéiert.
Och mat enger Rei russesche Firme kéint natierlech net méi zesumme geschafft ginn, erkläert de Franz Fayot: Et sinn all déi Entreprisen, déi op Sanktiounslëschte stinn. Do ass et natierlech un de Lëtzebuerger Entreprisë selwer, fir “due diligence” also eng Verifikatioun ze maachen, an dann net méi mat deenen zesummen ze schaffen.
A Russland huet zum Beispill de Produzent vu Plastik-Këschten Accumalux e Site. Aner Acteuren, déi gréisser Liene mat Russland hunn, si Kronospan, Guardian oder Paul Wurth. Natierlech sinn och Lëtzebuerger Firmen an der Ukrain present, zum Beispill Arcelor Mittal.
Arcelor Mittal huet e komplett integréiert Wierk no beim Donbass. Dat ass natierlech elo à l’arrêt.
Bis ewell hätt awer keng vun de Lëtzebuerger Firme wéinst der aktueller Situatioun Schwieregkeeten, déi un d’Substanz ginn.
Eng Fro, déi an der Chamberkommissioun nach um Orde du jour stoung, war déi vu Schëffer: Dat, wat bei mir an der Zoustännegkeet ass, dat si Yachten oder Schëffer vun Oligarchen oder russesche Persounen, déi op de Sanktiounslëschte stinn.
Am Regëster stéingen där Schëffer awer aktuell keng. Bei de bateaux de plaisance ass et och esou, datt déi just kënne vu Lëtzebuerger Residente gehale ginn. Et géing och sécher gestallt ginn, datt keng Persoune vu Sanktiounslëschten Aidë vum Wirtschaftsministère kréien, sou nach de Franz Fayot.
