
Och den Indicateur, deen d‘Inegalitéiten an d‘Aarmut zu Lëtzebuerg moosst, ass konstant bliwwen.
Wärend de Wuelstand vum Land am PIB op de Kapp gerechent tëscht 2010 an 2020 ëm gutt 20% geklommen ass, war et fir den Bien-Être en éischter klenge Progrès vun engem 1%. Iwwert déi lescht 12 Méint waren d‘Leit esou zefridden ewéi scho laang net méi, iwwerraschend trotz Pandemie. De Senyo Fofo Ametepe vum Statec erkläert: „Wann ee sech Domainen ukuckt, déi zu deem Resultat féieren, da gesäit een, datt virun allem Beräicher ewéi den Equiliber tëscht privat an Aarbechtsliewen am Mëttelpunkt stinn. D’Leit hu méi Zäit, se hu manner Trajete fir op d‘Aarbecht, se hu méi Zäit fir hir Aktivitéiten a fir hir Famille. “
An dat obwuel d’Aarbechtslosegkeet am Grand-Duché d‘lescht Joer kuerzzäiteg drastesch geklommen ass. „Trotz Kris hunn d’Leit an d’Menage bis ewell keng bis ganz wéineg Sue verluer. D’Revenue vun de Leit sinn net erofgaangen, d’Inegalitéite sinn net, ewéi ugangs ugeholl, explodéiert.“
Et géif ee gesinn, esou de Statec, datt bei eenzele Schrauwe misst besser nogedréit ginn, fir de Bien-Être vun der Populatioun ze garantéieren. Grouss Onsécherheete bleiwe awer bei der Fro, wéi ee sech d‘Zukunft virstellt. Do veronséchert d‘Pandemie awer.
Am internationale Klassement ronderëm de Bien-Être läit Lëtzebuerg am ieweschte Mëttelfeld hanner Länner ewéi Finnland, Dänemark, der Schwäiz oder och Holland. Et dominéiert een awer virun den direkten Nopeschlänner.