Fir Vertrauen a Sécherheet suergenLëtzebuerger Kommissär fir EU-Missioun an Armenien geschéckt

RTL Lëtzebuerg
D'Missioun vun der Europäescher Unioun, op déi e Kommissär vun der Lëtzebuerger Police geschéckt gëtt, soll hëllefen, fir Vertrauen a Sécherheet opzebauen.
En zerstéierte Panzer an der Grenzregioun.
En zerstéierte Panzer an der Grenzregioun.
© AFP/Archiv/STRINGER

Lëtzebuerg ënnerstëtzt domat déi zivil Missioun “European Union Mission in Armenia”, déi zu méi Stabilitéit an den armenesche Grenzregioune bäidroen an esou fir Sécherheet fir d’Leit an dëse Konfliktregioune suerge soll. De Kommissär vun der Lëtzebuerger Police wäert dobäi als “Monitoring Team Leader” agesat ginn.

D’Missioun soll zwee Joer laang lafen a besteet aus engen 100 Zivilisten.

PDF: D’Schreiwes vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet an dem Aussen- an Europaministère.

Back to Top
CIM LOGO