Reegelméisseg StroumausfällLëtzebuerger Student liwwert Generatoren an d'Ukrain

Christophe Hochard
De Philippe Jacob ass zanter e Freideg nees zu Kiew am Asaz. Am Gepäck huet de Lëtzebuerger eng 10 Generatoren.
Lëtzebuerger Student liwwert Generatoren an d'Ukrain
De Philippe Jacob ass zanter e Freideg nees zu Kiew am Asaz. Am Gepäck huet de Lëtzebuerger eng 10 Generatoren.

Dës Maschinne sinn aktuell Gold wäert. Well dacks iwwer laang Stonnen de Stroum an der Krichsregioun ausfält, ginn d’Generatore virun allem an de Spideeler dringend gebraucht.

D’ukrainesch Haaptstad ass reegelméisseg tëscht 20 an 30 Stonnen ouni Stroum. A verschiddene Quartiere gëtt et dacks nëmme wärend enger Véierelsstonn Stroum. Mat der Privatinitiativ “Power to Medics”, déi vum Philippe chapeautéiert gëtt, well ee mat klenge Generatore vun 3,5 bis 8 Kilowatt aushëllefen. An enger zweeter Phas solle méi staark Generatoren ausgeliwwert ginn.

De Philippe erlieft d’Situatioun an der Ukrain méi ugespaant ewéi am September, wei de Bréisseler Student fir d’lescht do war. D’Mënschen hätten Angscht, méi Angscht ewéi am Summer. Panik géif awer keng entstoen.

Luuchten a Beootmungsmaschinne ginn elo nach an de ukrainesche Spideeler gebraucht. D’Mënsche stelle sech op en haarde Wanter an. Si fäerten, datt déi russesch Arméi nom Joreswiessel eng nei, gréisser Offensiv duerchfeiere wéilt.

De Philippe Jacob fir säin Deel kënnt ugangs Januar zeréck op Lëtzebuerg. Et wär awer net fir d’lescht gewiescht, datt hien de Leit an der Ukrain gehollef hätt, esou de Student am Interview mat RTL

Back to Top
CIM LOGO