
De wirtschaftlechen Echange ass nach net immens grouss. Bekannte Lëtzebuerger Entreprisë wéi ArcelorMittal oder Rotarex sinn awer schonn um südkoreanesche Marché vertrueden.
A punkto Technologie kéint ee vill vu Südkorea léieren, zum Beispill béi der Digitalisatioun vun der Mobilitéit, awer och am Weltraum-Beräich. An deem Kontext sollen eng Rëtsch Accorden ënnerschriwwe ginn.