Séinout-Rettung am MëttelmierLëtzebuergerin erzielt iwwer Missioun mat Sea-Watch

Claudia Kollwelter
480 Mënsche konnten am November bei enger Missioun vun der Organisatioun Sea-Watch am Mëttelmier gerett ginn.
© AFP Archivbild

Eng Missioun, bei där och eng Lëtzebuergerin dobäi war. D’Nora Fellens huet dem Claudia Kollwelter iwwert hiren Asaz fir d’Hëllefsorganisatioun erzielt, d’Erausfuerderungen, iwwer kritesch Situatiounen an hir Roserei par Rapport zu den Autoritéiten.

Lëtzebuergerin op Sea-Watch-Missioun/vum Claudia Kollwelter

Ee Mount laang war d’Nora Felles op der Sea-Watch 4 tëscht Spuenien a Libyen mat enger Crew vun 30 Leit ënnerwee. Hire Rôle war et, engersäits mam Schnellboot, engem sougenannte RIB, un d’Booter an Nout erunzefueren:

“Ech war d’Persoun vir, déi probéiert huet, Crowd-Management ze maachen. Well d’Leit dacks panikéieren, traumatiséiert sinn, Angscht hunn a sou weider. Ech hu gewisen, u wiem et ass, wéi déi Persoun mäin Aarm hëlt, ech se zéien an och wéini de Moment ass, fir gezunn ze ginn. Dacks waren d’Wëllen héich an dann hunn déi zwee Booter gewackelt an oft en Espace tëscht deenen zwee, wat ka geféierlech sinn.”

Ee Moment, deen d’Nora Fellens ni vergiesse wäert, war, wou si an esou enger Situatioun bemol e Bëbee am Aarm hat, deen eng Fra nëmmen e puer Stonne virdrun op engem komplett iwwerfëllte Boot op d’Welt bruecht hat. Wann d’Leit da bis u Bord vun der Sea-Watch waren, dann huet d’Lëtzebuergerin de Kontakt mat hinne gesicht:

“Du lauschters der Geschichten un, wa si vum selwe wëlle schwätzen. Du pushs keen, fir iergendeppes ze erzielen, mee du bass do wa se sech wëlle matdeelen. Well vill Leit do sinn, déi Saache wëllen ausschwätzen.”

Et wier deemno engersäits eng ganz physesch Aarbecht gewiescht, anersäits awer och mënschlech e grousse Challenge, ze héieren, wéi Mënsche reegelrecht duerch d’Häll gaange sinn:

“Et komme vill Saachen elo mat Distanz héich, déi kee Raum haten, wéi ech um Schëff war.”

Dorënner och Roserei par rapport zu den Autoritéiten an der libescher Garde Côte, déi d’Crew menacéiert huet a se opgefuerdert huet, d’Regioun ze verloossen, obschonn d’Schëff op internationale Gewässer war. Et hätte verschidde ganz geféierlech Momenter ginn, erzielt d’Nora Fellens:

“Bei eisem éischte Rescue si si mat hirem Boot ze no un eist erukomm an du si 6 Leit vu Bord gesprongen an dat war e ganz kritesche Moment, well se 30 Sekonnen dono erdronk wieren.”

No 7 Rettungen a 480 Leit u Bord huet Sea-Watch du laang missen insistéieren, fir un engem sécheren Hafen dierfen unzeleeën:

“A fir d’Leit da vu Bord dierfen ze loossen, huet zweeanenhallwen Daach gedauert. Mir waren also scho laang un Anker un Augusta a Sizilien, mee d’Leit hunn net direkt dierfe vu Bord goen.”

Wat duerch eng besser Kollaboratioun vu Säite vun den Autoritéite kéint verhënnert ginn, seet d’Nora Fellens. An awer huet d’Lëtzebuergerin nach Hoffnung:

“Ech hunn definitiv net opginn an ech wëll net, datt d’Roserei mech sou verbattert mécht, datt ech géif opginn oder géif soen, et hätt kee Wäert a frustréiert ginn. Mee d’Roserei ass kloer eppes, wat mech all Dag begleet.”

Et wier eng Erfarung, déi si sécherlech ni vergiesse wäert:

“An déi ech ëmmer wäert mat mer droen. Ech hunn och vill ganz schéi Leit kennegeléiert, déi immens couragéis sinn an immens Kraaft hunn. An et sëtzt sécherlech ganz vill Saachen a Perspektiv. Wéi mir liewen a wat wichteg ass am Liewen.”

D’Nora Fellens huet och wëlles, sech an Zukunft fir Missioune vun der Sea-Watch ze engagéieren.

Back to Top
CIM LOGO