Zu DiddenuewenLëtzebuergesch Koppel wéinst Drogeschmuggel verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems eng jonk lëtzebuergesch Koppel zu Diddenuewen mat 10 Kilo Cannabis festgeholl gouf, sinn déi zwou Persounen zu enger Prisongsstrof verurteelt ginn.
© AFP

Si hunn d’Liwwerung vun den Drogen aus Thionville op Lëtzebuerg assuréiert an hätten dofir 2.000 € pro Persoun kritt.

D’Fra vun 23 an de Mann vu 19 Joer hu viru Geriicht ausgesot, den Job ugeholl ze hunn, fir hir Studien ze finanzéieren, esou schreift et de Républicain Lorrain. Elo goufe se zu 6 Méint, respektiv 1 Joer Prisong op Sursis verurteelt.

Op RTL 5minutes: Prison avec sursis pour un couple luxembourgeois arrêté avec 10 kg de cannabis

Back to Top
CIM LOGO