
D’Direktioun hätt de Gewerkschaften nämlech elo signaliséiert, dass een awer bereet wier, ze verkafen. Eng Annonce, déi awer mat Virsiicht géif begréisst ginn, well een emol wéilt ofwaarden, wat et konkret bedeit, gëtt e Vertrieder vum LCGB zitéiert.
Am léifsten hätt een, wann eng entspriechend Vente an engem Tripartite-Modell, also mat Regierung a Syndikater, géif ausgeschafft ginn. Bis ewell wier awer nach wéineg konkret.
Enn Oktober hat de Wirtschaftsminister Franz Fayot wësse gedoen, dass et e konkrete Repreneur fir d’Liberty-Steel-Wierk zu Diddeleng géif ginn, mä d’Mammegesellschaft vum Grupp géif e Verkaf weider blockéieren.
D’Aktivitéite vun de Wierker zu Lëtzebuerg an an der Belsch si fir den Ament jo bis Enn vum Joer gestoppt. Fir d’Wierker vun Tilleur a Flémalle an der Belsch gouf d’lescht Woch e Mandataire vun der Justiz genannt, fir d’Sitten ze verkafen, wat ee vun de Grënn kéint sinn, firwat Liberty Steel elo prett wier, och iwwert Diddeleng mat sengen 170 Salariéë mat sech schwätzen ze loossen.