Lokal a regional Produktioun gëtt ëmmer méi wichteg, dat hunn och déi lescht 2 Joer däitlech gemaach. D’Präisser vun de Produite si relativ konstant bliwwen. Et misst een awer domat rechnen, datt och déi wäerte klammen.
Den Nico Hoffmann ass Bauer an huet de Familljebetrib iwwerholl, ugefaangen huet hien als Mëllechbauer. De Pretemer Haff gouf komplett ëmgestallt. Op den Aker wuesse lo virun allem Äppel a Bieren, op den 20 Hektar ginn dat pro Joer bis zu 700 Tonnen Uebst.
De Krich an der Ukrain verdäitlecht nach emol, datt Lëtzebuerg bei der Liewensmëttelproduktioun wesentlech vun anere Länner ofhängeg ass. Méi Liewensmëttel hei am Land uplanzen an um Enn esouguer autark ginn. Dat wier fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg kaum virstellbar, ma virun allem am Geméis-Ubau kéint een Efforte maachen. Wéilt een op dee Wee goen, misst d’Politik hëllefen an och de Konsument matzéien.
Duerch d’klammend Produktiounskäschte ginn och d’Liewensmëttel méi deier. Bei lokalen a regionale Produite wieren d’Präisser nach relativ konstant. Ma och hei dierften d’Präisser geschwënn an d’Luucht goen.