
E Sonndeg den Owend ass der Police géint 21:45 Auer en Déifstall aus engem Gefier gemellt ginn, dat an der Rue duFort Neipperg am Garer Quartier an der Stad geparkt war. Dobäi ass eng grouss Zomm Boergeld geklaut ginn.
Wien d'Täter sinn a wéi se den Auto opgebrach kruten, ass bis ewell net kloer. D'Ermëttlunge lafen.
Méi spéit am Owend, géint 22:20 Auer, sinn zwee Männer zu Äischen an engem Haus an der Rue de Clairefontaine bei engem versichten Abroch vum Hausbesëtzer erwëscht ginn. De Besëtzer huet doropshin d'Police geruff. D'Täter konnten en Teppech virun der Dier klauen a si fir d'éischt geflücht.
Méi spéit konnt eng Patrull d'Männer, déi waren offensichtlech alkoholiséiert waren, untreffen. Ee vun hinnen ass wéinst sengem Zoustand fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht ginn a säi Partner ass a Passagearrest bruecht ginn.
Déi entspriechend Protokoller goufen erstallt.