14. bis 20. NovemberLiicht Hausse bei den Infektiounen

RTL Lëtzebuerg
Déi analyséiert Woch gouf et 1.057 positiv Tester, dat sinn dat der 144 méi, wéi déi Woch virdrun.

D’Covidinfektiounen zu Lëtzebuerg sinn d’lescht Woch liicht eropgaangen. Eppes méi wéi 1.000 Leit goufe positiv getest a véier Leit sinn a Relatioun mat Covid gestuerwen. Hir Altersmoyenne louch bei 67 Joer.

An de Spideeler bleift d’Lag weider entspaant a puncto Coronavirus. 17 Persounen hunn d’lescht Woch missten hospitaliséiert ginn, zwee Patienten louchen op der Intensivstatioun. Den héchsten Inzidenztaux bei den Infektiounen gouf et bei den eelere Leit iwwer 90 Joer.

PDF: Retrospektiv vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO