Steierverwaltung saiséiert Bankinformatiounen neiLiichte Retard bei de Remboursementer vun de Steieren

Michèle Sinner
D'Steierverwaltung huet de Moment e liichte Retard beim Remboursement vun de Steiererklärunge vu 4 bis 6 Wochen. Dat erkläert den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger op RTL-Nofro.
Dëst ass e Symbolbild.
Dëst ass e Symbolbild.
© BARBARA GINDL/APA-PictureDesk via AFP

De Retard kënnt dohier, datt d'Steierverwaltung am Kader vun der EU-Regulatioun iwwer d'Virements instantanés, d'Sécherheet vun hiren Iwwerweisunge verstäerkt. Och si mécht also d'Verifikatioun vum Destinatär vun hire Virementen, esou den Direkter vun der Steierverwaltung.

"Mir hunn extreem vill Payementer ze maachen. Mir hunn 125.000 Entreprisendossieren, 380.000 Personnes-physiques-Dossieren. An an deem Kader gëtt et natierlech och vill Remboursementer. A fir déi RIB- Informatiounen eeben opzehuelen a fir domadder och d'Sécherheet vun de Payementer fir d'Zukunft ze verbesseren, hu mer déi Informatiounen an eise Systemer ewechgeholl a mir ersetzen se elo no an no."

D'Steierverwaltung freet deemno mam Bulletin déi Bierger, déi e Remboursement ze gutt hunn, e Relevé d'identité bancaire eranzeschécken.

"Déi Informatioune mussen haut nach, well et eeben en neie Prozess ass, vun eis manuell iwwerholl ginn. Mir schaffen awer momentan dorun, fir dat och digital ze iwwerhuelen. A wa mir souwäit sinn, dass déi Informatioune kënnen hallefautomatesch eriwwerkommen iwwert de MyGuichet. Dass mer et hallefautomatesch maachen an et ganz automatesch ass, huet och domadder ze dinn, dass mer mussen eng Kontroll maachen, fir ze kucken, dass déi Informatiounen och richteg sinn."

Dobäi spillt et keng Roll, op d'Bierger hiren RIB per Post schécken oder iwwert myguichet.lu eroplueden.

"Parallel dozou hu mer eis Ekippe verstäerkt, dat heescht, déi Retarden, déi mer momentan hu vun zirka véier bis sechs Wochen, hänkt dervun of, wou am Land, ob dat elo zu Ettelbréck ass an der Stad oder zu Esch bei der Kees, dee wäerte mer elo bis de Summer an deenen nächste puer Wochen opgeholl hunn."

Hätt d'Verwaltung déi Problematik net kënnen antizipéieren?

De Jean-Paul Olinger erkläert, datt d'Steierverwaltung an engem gréisseren Transformatiounsprozess ass, deen d'Bierger, d'Entreprisen an d'Verwaltung betrëfft. "Dat féiert derzou, dass se momentan ganz vill verschidde Projeten hunn, déi parallel lafen. Mir mussen do momentan eng Priorisatioun huelen, déi bréngt eng Komplexitéit mat. Déi Komplexitéit natierlech féiert derzou, dass verschidden Elementer net esou séier ëmgesat kënne ginn. Mee à terme wäert dat heiten zu engem bessere Service féiere fir de Bierger a fir d'Mataarbechter bei der Verwaltung."

Back to Top
CIM LOGO