Et geet biergopLoftqualitéit zu Lëtzebuerg huet sech verbessert

RTL Lëtzebuerg
An deene leschte 5 Joer ass d'Loftqualitéit am Grand-Duché besser ginn. D'Resultater vun de Miessungen hätten awer heiansdo no um Grenzwäert gewiescht.

Allgemeng huet sech d’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg an de leschte 5 Joer verbessert. An Tëscht gëtt de Grenzwäert fir Stéckstoff an der Loft och net méi depasséiert. Dëse gëtt zanter 2018 all Joer op méi wéi 100 Plazen uechter 33 Gemengen gemooss. An der Stad, zu Réimech, Iechternach, Déifferdeng, Esch-Uelzecht an Hesper louchen d’Miessungen allerdéngs no um Grenzwäert. Dass méi nei Autoen ënnerwee sinn, déi manner Emissiounen hunn, géif duerch eng allgemeng Hausse vum Trafic erëm opgehuewe ginn, heescht et vun der Ëmweltverwaltung. Dës betount och, dass d’Wiederkonditiounen d’Miessungen ënner Ëmstänn staark beaflosse kënnen, wat d’Fluktuatioune bei de Wäerter deels kéint erklären.

Communiqué zur Loftqualitéit

Back to Top
CIM LOGO