Iwwer 28.000 registréiert Krichsverbriechen, iwwer 8.000 Krichsprisonéier, iwwer 5.000 Zivilisten, déi ëmbruecht goufen, dovunner 356 Kanner a ronn 33,7 Millioune Quadratmeter u Wunngebaier, déi schonn um Territoire vun der Ukrain zerstéiert goufen. Dat si just e puer Statistiken no 6 Méint Krich, déi d’Lëtzebuerger ASBL LUkraine en Dënschdeg de Mëtteg presentéiert huet. D’Hoffnung op een Enn vum Krich an op eng fräi onofhängeg Ukrain sinn op alle Fall een Dag virum offiziellen Onofhängegkeetsdag nach net gestuerwen.
Grad elo wier et dofir essentiell, d’Ukrain an och déi ukrainesch Flüchtlingen hei am Land weiderhin z’ënnerstëtzen. D’ASBL huet et mat der grousser éischter Well un Donen a Support fäerdegbruecht, fir 10 Ambulanzen, 44 Palette medezinescht Equipement, 13.000 Iessensratiounen an iwwer 770 Tonnen humanitär Hëllef, dorënner Iessen, wat net ëmgeet, Hygiènes- a Kanner-Produiten an Déierefudder an d’Ukrain ze schécken.
Aktuell géing de Support awer noloossen, bedauert de President vu Lukraine Nicolas Zharov. „Malheureusement les 2 derniers mois on ressent un manque d’aide humanitaire, donc qui provient des Luxembourgeois et des citoyens du Luxembourg. Ce qui est d’un côté compréhensible parce qu’on comprend bien la fatigue de la guerre et on est totalement conscient que c’est difficile d’aider de façon durable, mais on fait toujours l’appel aux personnes de continuer de nous aider, parce que la guerre n’est pas finie. On est très loin de là.”
D’Asbl schéckt awer net just Hëllef an d’Ukrain, mee engagéiert sech och hei am Land. Iwwer 4.000 Ukrainer waren an de Grand-Duché komm an iwwer 1.000 dovunner goufe vun der ONG logéiert, déi sech donieft och ëm d’Integratioun an ëm de psychologesche Support gekëmmert huet.
De gréissten Defi wier awer och elo nach ëmmer de Logement: „Maintenant on voit bien que les capacités d’accueil sont très limitées. 6 mois après, les personnes qui étaient logées chez les personnes privées doivent quitter. Ce qui est aussi normal, parce qu’on doit comprendre que c’était juste un geste temporaire de la part des familles d’accueil et vu que les capacités d’accueil donc 96%sdes places sont occupées.”
Mee och fir dee Problem hätt d’Asbl Lukraine eigentlech schonn eng Léisung. Et waart ee just op e Feedback vun de Gemengen.
„A fin de nous donner donc les terrains à disposition pour un an ou deux ans, de construire des maison temporaires, modulaires qu’on pourrait, une fois la guerre est finie, désassembler et envoyer en Ukraine. Mais il faudra aussi trouver bien sûre les financements. Et on a déjà d’ailleurs les partenaires qui font construire ces maisons modulaires en 1 mois. Donc l’idée c’est de disperser les réfugiés un peu partout dans la région. Donc au Luxembourg à la place de les ressembler dans un bâtiment où il y a 1.000 personnes, de mettre 150-200 personnes dans chaque commune. Comme ça on va créer des petites cités à la place d’un grand ghetto.”
D’Asbl Lukraine huet awer och nach eng ganz Rei aner Projeten en vue. Fir déi no Zukunft wäert een zum Beispill een éischte Pompjeeswon an eng Waasser-Filter-Statioun, déi ronn 38.000 Liter den Dag ka filteren, an d’Regioun Donezk schécken, sou nach de President Nicolas Zharov.