Ouni Iwwerraschung bleift déi gréisst Suerg vun de Leit hei am Land de bezuelbare Wunnraum. Déi aktuell geopolitesch Tensioune weltwäit léisst d’Leit och net kal. Eng typesch Lëtzebuerger Suerg kënnt op déi drëtte Plaz: den Trafic, deen zouhëlt. Esou kann een den zweeten Deel vum Politmonitor kuerz resuméieren. En Dënschdeg hate mer eis jo déi beléiftste Politiker an d’Evaluatioun vun der Aarbecht vun der Regierung ugekuckt.
70 Prozent vun de Befroten, also dräi Prozentpunkte méi ewéi beim Politmonitor am Juni, maache sech Suerge wéinst dem Accès op bezuelbare Wunnraum. Bei de jonken Erwuessenen tëscht 18 a 24 Joer sinn et esouguer 81 Prozent. An der Alterskategorie vu 25 bis 34 Joer maache sech och dräi Véierel vun de Leit vill Suergen iwwer d’Situatioun um Wunnengsmaart. Duerno hëlt et e bëssen of bis 74 Prozent vun de 55 bis 64 Joer ale sech nees de Kapp zerbriechen iwwer de Logement.
Virun allem am Süde vum Land ass den Taux mat 74 Prozent héich. Am Zentrum sinn et der mat 67 Prozent e puer manner: Do sinn d‘Präisser zwar nach méi héich, awer gläichzäiteg och d‘Kafkraaft vun de Stéit. Vun all de Leit, déi uginn hunn, datt si “dacks” Schwieregkeeten hunn, fir d’Rechnungen ze bezuelen, soten der 79 Prozent, datt bezuelbare Wunnraum fir si eng grouss Suerg ass.
De Bléck op d’Stammwieler: déi vun der CSV maache sech mat 58 Prozent am mannste Suergen iwwer den Accès op abordabele Wunnraum. Déi vun der LSAP mat 80 Prozent am meeschten.
Zu Lëtzebuerg steet een alt mol am Stau: Ma et sinn net déi Jonk, déi den Zouwuess vum Trafic am meeschte stéiert. Bei de Leit tëscht 25 a 34 Joer ass den Taux mat 37 Prozent erstaunlech déif. Dogéint maache 64 Prozent vun de Leit tëscht 55 a 64 Joer sech Suergen dowéinst, 63 Prozent bei de Leit iwwer 65 Joer. De Süden ass besonnesch concernéiert. Wärend bei CSV, DP, LSAP, an déi Gréng all Kéiers e bëssen iwwer d’Hallschent sech Suerge wéinst dem Zouwuess vum Verkéier mécht, sinn et bei der ADR ëmmerhin 61 Prozent.
Esou gutt ewéi keng Suerge maachen d’ADR-Wieler sech dogéint wéinst engem méiglechen Zouwuess vum Rietsextremismus: just 13 Prozent. Géint 64 bei der DP, 60 bei der LSAP an esouguer 71 Prozent bei déi gréng.
E méiglechen Zouwuess vum Rietsextremismus mécht virop der eelerer Generatioun Suergen. Bei méi ewéi 65 Joer äussere 60 Prozent sech besuergt iwwer déi Tendenz. Déi Erwuessen tëscht 35 a 44 schéngt dat relativ kal ze loossen: 36 Prozent hu Suerge wéinst dem méiglechen Zouwuess vum Rietsextremismus. Am ëffentleche Secteur läit deen Taux bei 42 Prozent. Am Privé bei 51.
D’Feierlechkeete fir den Trounwiessel waren net bëlleg, mä jo 63 Prozent vun de Befrote fannen, dass se ubruecht an derwäert waren. 32 Prozent soen esouguer “Jo sécher”. 34 Prozent sinn net d’Accord.
D’CSV-Stammwieler stinn hannert der Monarchie an dann däerf och mol gutt gefeiert ginn. Dat soe 75 Prozent. Bei der DP och 68 Prozent. Bei der LSAP nach 60 a bei déi Gréng 55 Prozent. E bësse manner ewéi d’Hallschent vun den ADR-Stammwieler fënnt d’Feierlechkeete fir den Trounwiessel gutt.
Ronn dräi Véierel vun den 18 bis 24 Joer Jonke fannen d’Festivitéiten ubruecht. Déi 25 bis 34 Joer al si méi kritesch: hei soe just 56 Prozent Jo. An den Alterstranchen duerno hält den Taux sech bei ongeféier 60 Prozent oder méi.
52 Prozent vun de Befrote fannen net, dass d’Pensiounsreform, déi d’CSV-DP-Regierung entaméiert huet, eng adequat Mesure ass, fir de Pensiounssystem ofzesécheren. 22 Prozent soen “Nee sécher net”. 41 Prozent fannen déi geplangt Mesurë gutt. 29 Prozent “Jo éischter.”
Och hei sinn d’CSV-Stammwieler am meeschten d’Accord (62 Prozent) an déi vun der ADR am mannsten (19 Prozent Jo, 72 Nee). Awer och déi bekennend Sozialisten a Gréng si majoritär dogéint.
Den Taux vun deenen, déi d’Pensiounsreform gutt fannen, ass an der Alterstranche vu 25 bis 34 Joer mat 26 Prozent am niddregsten. Am héchsten ass se bei de Leit vu 65+: e bësse méi ewéi d’Hallschent ass averstanen.
Dogéint kënnt d’eenheetlech Steierklass, déi de Finanzminister Gilles Roth fir 2028 annoncéiert huet, gutt un: 67 Prozent sinn dofir. 42 Prozent soen “Jo sécher”.
Der Alphabetiséierung op Franséisch steet näischt méi am Wee. D’Chamber huet dem Projet Alpha gréng Luucht ginn. Allerdéngs weist de Politmonitor, dass 54 Prozent vun de Leit d’Alphabetiséierung op Franséisch als Gefor fir de Lëtzebuerger Schoulsystem gesinn. 32 Prozent soe “Jo sécher”. 42 fannen dat net. Virun allem d’Stammwieler vun déi Gréng, awer och der DP an der LSAP gesinn déi Ännerung net als Gefor. Net verwonnerlech gesinn 81 Prozent vun den ADR-Stammwieler dat ganz anescht.
Wat de Bildungsniveau vun de Befrote méi niddreg ass, wat si d’Alphabetiséierung op Franséisch éischter als Menace gesinn. 60 Prozent vun de Befroten, déi keen Ofschloss am Secondaire hunn, soe Jo, et ass eng Gefor. Just 31 Prozent soen Nee. Awer och 60 Prozent vun de Leit, déi de Secondaire ganz duerchlaaf hunn, gesinn eng Gefor. Eréischt bei den Akademiker wiesselt den Trend. Do seet d’Hallschent Nee, d’Alphabetiséierung op Franséisch ass keng Gefor fir de Schoulsystem. Ëmmerhi gesinn awer hei nach 47 Prozent eng Gefor.
59 Prozent vun de Befrote sinn der Meenung, dass Lëtzebuerg net gutt géint modern Attacke protegéiert ass. 35 Prozent si sech esouguer sécher, dass d’Resilienz- a Verdeedegungsstrategie net duergeet. Nëmme 27 Prozent sinn anerer Meenung.
Queesch duerch d’Parteien ass et de selwechte Constat: d’Stammwieler sinn net dovun iwwerzeegt, dass Lëtzebuerg sech géint modern Attacke schütze kann.
Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.042 Leit gefrot. D’Interviewe sinn tëscht dem 17. an dem 26. November iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.
Weider Detailer iwwer d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu. Minimal Differenze kënnen duerch d’Op- an Ofronnen entstoen.
Wann Dir d’Cookies net akzeptéiert hutt, ass et méiglech, datt Dir d’Grafiken net ugewise kritt.