Asbl "Oppent Haus"Logement bleift grousse Problem an der Flüchtlingsproblematik

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer kann net alle Flüchtlinge gehollef ginn. D'Lëscht vun de Leit, déi aus dem Foyer erauswëllen, ass laang.
Asbl "Oppent Haus"
De Logement bleift e grousse Problem an der Flüchtlingsproblematik.

Et géif aktuell och manner iwwer d’Flüchtlingsproblematik geschwat ginn. Fir d’Associatioune bleift et allerdéngs eng alldeeglech Realitéit. De Projet “Oppent Haus” bréngt Refugiéen a Privatleit, déi bereet sinn, si bei sech opzehuelen, beieneen.
De Logement ass a bleift e Problem. Vill Leit géife gär aus dem Foyer eraus, fannen awer kee Logement. Dat hänkt och domat zesummen, dass d’Leit zu Lëtzebuerg relativ spéit dierfte schaffe goen. D’Schwieregkeet sech ze integréiere wier da méi schwéier par rapport zu anere Länner, wou een no 6 Méint scho kéint schaffe goen. D’Marianne Donven vun der Asbl “Oppent Haus” setzt sech dofir an, dass Leit, déi an der Prozedur sinn, schonn no 6 Méint dierfe schaffe goen.

Eng Wunneng ze fannen ass fir e Flüchtling hei am Land extrem schwéier. Net nëmmen d’Virurteeler géintiwwer Leit mat engem arabeschen Numm wieren e Problem, mä och eng Reegelung am Revis-Gesetz. Wann een zu zweet eppes lount, gëtt een ugesi wéi eng Gemeinschaft an da verléiert een déi sozial Hëllefen. Eng Revendicatioun, vun där net nëmmen Oppent Haus fuerderen, se ze änneren.

D’Sprooche sinn en anere Problem. D’Schaffe géif dat deelweis léisen an zu enger besserer Integratioun bäidroen. Och sollen d’Famille méi ënnerstëtzt ginn, déi bereet sinn, fir anerer opzehuelen.

Eng Aktioun an der Belle Etoile, bei där ee Wierker vu bekannte Kënschtler gewanne kann, ënnerstëtzt Oppent Haus finanziell. Domat kéint een de Beneficiairen hëllefen, fir hir Rechnungen ze bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO